arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ President vun der jiddescher Communautéit zu Esch: Antisemitismus hëlt zou

Duerch de Krich am Noen Osten

|
headphones

1 min

headphones

8 min

play_arrow

President vun der jiddescher Communautéit zu Esch: Antisemitismus hëlt zou

Den Antisemitismus géif zënter dem Krich am Noen Osten och hei zu Lëtzebuerg zouhuelen, seet den David Weis, hien ass de President vun der jiddescher Communautéit zu Esch.

headphones

1 min

headphones

8 min

play_arrow
© studio wision
(Foto: studio wision)

Uechter d’Welt hu sech an de leschten Deeg ëmmer méi Stëmmen aus jiddesche Communautéite géint dat Virgoe vun der israeelescher Regierung am Krich an der Gazasträif erhuewen.

Och de Rabbiner vun der jiddescher Communautéit zu Esch hat privat dozou e Bréif ënnerschriwwen. D’Communautéit selwer wëllt sech allerdéngs net zu politesche Sujete positionéieren. Dat ënner anerem och aus Angscht virun antisemitteschen Doten, erkläert de President David Weis 

"Ech héiere wierklech vun de Kanner, déi Angscht hunn an d'Schoul ze goen, déi net méi woen eppes ze soen. Eis Memberen, déi hir reliéis Zeeche verstoppen, och op der Strooss, Leit, déi mer och soen, datt se net méi samschdes an d'Stad ginn, well se Angscht hunn, ugepöbelt ze ginn (…) Mir hunn e Punkt erreecht, wou sech tatsächlech vill Leit Froe stellen zur Zukunft hei am Land."

play_arrow Lauschteren