arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wëll d'UNRWA weider ënnerstëtzen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Lëtzebuerg wëll d'UNRWA weider ënnerstëtzen

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d‘UNRWA weider. Dat huet den Ausseminister Xavier Bettel virun enger informeller Reunioun bei de Vereenten Natiounen zu New York confirméiert.

headphones

1 min

Dofir huet Lëtzebuerg och en neit Partenariat mat der UNRWA ënnerschriwwen. An de nächsten 3 Joer soll d‘Wierk 30 Milliounen Euro kréien, wat 10 Milliounen Euro d‘Joer sinn.

Dat israeelescht Parlament – de Knesset huet viru kuerzem 2 Gesetzer gestëmmt, mat deenen d‘Aktivitéite vun der UNRWA an den israeeleschen Territoiren verbuede solle ginn.