An allen aneren NATO-Länner ginn d'Ausgabe fir d'Defense op de PIB gerechent.
De Gusty Graas ass awer der Meenung, datt den Donald Trump Lëtzebuerg grondsätzlech net dofir géif verurteelen. Et dierft een net vergiessen, datt Lëtzebuerg bannent kuerzer Zäit enorm Efforte géif maachen.
“Ech kéint mir scho virstellen, datt en doriwwer seng Remark géif maachen.”
Kee Virworf fir Lëtzebuerg
Den Ament wier ee bei 0,7 Prozent vum RNB - dat soll sech an den nächste Wochen a Méint änneren. Bis Enn des Joers wëllt een déi 2 Prozent erreecht hunn.
Lëtzebuerg wier bereet dat Zil, dat d'NATO sech elo gëtt, a relativ kuerzer Zäit ëmzesetzen. Esou kéint ee Lëtzebuerg also kee Virworf maachen, seet de Gusty Graas.
De Verteidegungseffort soll iwwerdeems bis 2035 an allen NATO-Länner op 5 Prozent vum PIB gehéicht ginn.
Situatioun Israel an Iran
Ob d’Ugrëff vun Israel op den Iran vëlkerrechtlech an der Rei sinn oder net, do ginn d’Meenungen auserneen. A priori wier de Gusty Graas géint Preventivschléi, erkläert hien am 100,7-Interview. An dësem Fall hätt ee méi Informatioune gebraucht, wéi wäit den Iran effektiv a Saachen Atomwaffe wier, esou den DP-Politiker.
D’Amësche vun den USA wier vu vir era geplangt gewiescht, mengt de Gusty Graas.
“De Preventivschlag vun Israel war geplangt. Menger Meenung no, war et och geplangt, datt d’USA géif agräifen an der Hoffnung, datt de Konflikt séier kéint beendegt ginn.”
Déi zwou Initiative wieren awer verfréit gewiescht. Esou e Konflikt wier eng grouss Gefor, net nëmmen an där Regioun mee och fir de Weltfridden, esou nach de Gusty Graas.
Iranesche Militär huet keng Chance
Den Iran kéint sech um militäresche Plang weder géint Israel nach géint d’USA wieren. Elo misst den Iran rëm den Dialog sichen a bereet sinn ze beweisen, datt ee keng Atombomm wëllt hierstellen. E Regimmwiessel gesäit de Gusty Graas fir den Ament net am Iran.
NATO-Sommet zu Den Haag
Obwuel den NATO-Sommet op zwee Deeg ugesat ass, soll déi eigentlech wichteg Reunioun nëmmen zwou an eng hallwe Stonn goen. Dat fir datt den Donald Trump sech net géif langweilen a fréizäiteg géif Heem fueren.
Dat misst ee staark hannerfroen, seet de Gusty Graas. Hien hätt méi vun engem amerikanesche President erwaart.
“Beim Trump weess ee jo ni wat, wann hie moies opsteet, do nach alles dobäi eraus kënnt.”
Et wier onglécklech wann den amerikanesche President nëmmen deelweis um NATO-Sommet géif deelhuelen.
De Gusty Graas hofft iwwerdeems, datt d’NATO dës Deeg e Konsens wäert fannen.