arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pro-palästinensescht Campéiere virum Ausseministère

"March to Gaza - Lëtzebuerg"

|
headphones

1 min

Pro-palästinensescht Campéiere virum Ausseministère

Virum Ausseministère an der Stad campéieren nach ëmmer Membere vu “March to Gaza - Lëtzebuerg”.

headphones

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Déi lescht Festgesate vun der “March to Gaza”-Bootsexpeditioun dierften haut oder muer aus Israel ausgeflu ginn. Eppes Prezises wéisst een awer net: Dat sot de Patrick Bosch vu “March to Gaza - Lëtzebuerg” de Moie virum Ausseministère, am Hibléck op d’Lous vun der Kollegin Nora Fellens-Huberty.

Déi jonk Fra war jo mat engem Boot a Richtung Gaza ënnerwee, wéi dat vun der israeelescher Arméi interceptéiert gouf.

D’Leit um Boot an op anere Booter goufe matgeholl, fir no an no an hir Heemecht geflunn ze ginn.

Dowéinst campéieren zënter en Donneschdeg Membere vu “March to Gaza - Lëtzebuerg” virum Ausseministère an der Stad. De Moie waren der do nach zwee do, no véier bis fënnef virdrun.