arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laurent Zeimet: Lëtzebuerg fir Sanktiounen – Israel awer net u Pranger stellen

EU – Israel-Sanktiounen

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Laurent Zeimet: Lëtzebuerg fir Sanktiounen – Israel awer net u Pranger stellen

Och Lëtzebuerg wäert op EU-Niveau geziilte Sanktioune géint Israel kënnen ënnerstëtzen, esou den CSV-Deputéierten a Vize-President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Laurent Zeimet um Donneschdegmoien am 100,7-Interview.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow
Gaza: Foto vum 25. Mee 2025  | © Majdi Fathi
Gaza: Foto vum 25. Mee 2025 (Foto: Majdi Fathi)

Als Reaktioun op d’Entwécklung an der Gazasträif hat d’EU-Kommissioun den EU-Memberstaate gëschter Sanktioune géint Israel virgeschloen, dorënner d’Sträiche vu Fräihandelsvirdeeler a Strofmesurë géint extremistesch israeelesch Ministeren.

Keng Sanktioune "géint Israel"

Lëtzebuerg stéing awer och nach ëmmer op der Säit vun Israel, esou an deem Kontext den aussepolitesche Spriecher vun der CSV-Fraktioun Laurent Zeimet am 100,7-Interview.

“Et sollen net Sanktioune géint Israel sinn. Ech denken, wat geziilte Sanktioune géint eenzel Persounen oder eenzel Produiten aus eenzele Gebidder vu Palästina/Israel géife kommen an der Europäescher Unioun, datt ee sou eppes kéint ënnerstëtzen. Mee et sollt een och oppassen, datt een net Israel an deem Sënn un de Pranger stellt, mengen ech, wéi een dat och net kéint vermëttelen.”

Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet ass awer géint eventuell Sanktioune just vun eenzelnen EU-Memberstaate géint Israel.

Laurent Zeimet kann däitsch Positioun novollzéien

Hie kéint och ganz gutt novollzéien, datt ee Land wéi Däitschland sech ganz schwier géif dinn, europäesch Sanktioune géint Israel mat ze droen.

“Mir ware jo als CSV-Fraktioun nach d'lescht Woch zu Berlin. Mir haten och do ganz gutt Gespréicher mat eise politesche Kolleege vun der CDU a vun der CSU. Déi hunn dat och erkläert. Dat ass ganz novollzéibar. Si hunn an Däitschland eng Erfarung natierlech gemaach, an dat ass och ganz kloer gesot ginn, dat “kauft nicht bei Juden”, dat hate mir virun 80 Joer. Mir wëllen ni méi dohinner kommen. An ech denken och, datt mir hei ganz gutt mussen oppassen, datt mir an eisem Verhale mat Israel net och eng Stëmmung ënnerstëtzen, déi et awer och gëtt, an der europäescher Gesellschaft, déi antisemittesch ass. An dat däerf net méi erëm kommen.”

De Premier Luc Frieden hat sech um Mëttwoch positiv iwwer déi nei Propos vun der EU-Kommissioun fir ee Sanktiounspak géint Israel geäussert.

"Een Zeeche fir eng Zweestaateléisung"

D’Unerkennung vu Palästina als Staat wäert no Meenung vum CSV-Deputéierte Laurent Zeimet net d'Léisung vum Noost-Konflikt bréngen. Och Lëtzebuerg huet jo ugekënnegt, dëse Schrack d’nächst Woch wëllen ze goen.

“Et ass natierlech en Zeeche gesat. Mir sti weider zu enger Zweestaateléisung. An deem Sënn kann ech dat novollzéien. Mee mir mussen eis awer och elo net erwaarden, datt dat d'Léisung vum Konflikt elo kuerzfristeg wäert bréngen.”

D’Unerkennung wier awer ee "kloert Zeeche vis-à-vis vun der israeelescher Regierung".

play_arrow Lauschteren