arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frieden: Eng direkt Unerkennung vu Palästina wier elo keng Léisung

Chamber

|
headphones

2 min

Frieden: Eng direkt Unerkennung vu Palästina wier elo keng Léisung

De Premier Luc Frieden huet de Mëtteg an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber nach eng Kéier d‘Lëtzebuerger Positioun iwwert eng méiglech Unerkennung vu Palästina explizéiert.

headphones

2 min

Luc Frieden | © Chambre des Députés
Luc Frieden (Foto: Chambre des Députés)

Lëtzebuerg wier kloer fir eng zwee-Staate Léisung mee eng direkt Unerkennung vu Palästina zu dësem Moment géif net zu  esou enger Léisung bäidroen. Eng Motioun vun den dräi Oppositiounsparteien LSAP, déi Gréng an déi Lénk fir eng direkt Unerkennung gouf an der Chamber majoritär verworf. 

Eng Motioun fir eng Evaluatioun vun enger Partie Krittäre fir eng Unerkennung vu Palästina gouf ugeholl. Déi Evaluatioun soll op der UNO-Konferenz Enn des Mounts zu New York geschéien.

Bekannte Perséinlechkeete maachen Drock op Lëtzebuerger Regierung

Iwwert 100 bekannte Perséinlechkeete maachen een Appell un d‘Lëtzebuerger Regierung, fir méi Drock op Israel ze maachen. 

D‘Regierung misst diplomateschen a wirtschaftlechen Drock op Israel ausüben. Et kéint een net méi roueg bleiwe vis vis vum Leide vum palestinensesche Vollék, esou den Opruff am Numm vun der Initiative „jewish call for peace.lu“.

Ënnert de Signatairen si Kënschtler, Schauspiller, Schrëftsteller awer och fréier Ministeren oder Deputéiert, wéi zum Beispill de fréieren Ausseminister Jean Asseborn,, déi fréier Procureure Generale Martine Solovieff, d‘Caroline Reckinger, fréier politesch Spriecherin vun der Caritas, an d‘Schauspillerin Vicky Krieps. 

Fuerderung LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk

An och d’Oppositioun huet um Dënschdegmoien d’Regierung op Neits dozou opgefuerdert de Palästinensesche Staat unzeerkennen an d’Handelsbezéiunge mat Israel ze stoppen.