Ee Video, iwwert deen den israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu sech schockéiert gewisen huet. D‘Graumsamkeet vun der Hamas géif keng Grenze kennen, esou dem Nethanjahu säin Constat.
De Steve Witkoff – amerikanesche Spezialemissär fir den Noen Osten hat de Samschdeg eng Reunioun mat Famillje vu Geiselen. Hie soll do gesot hunn, datt d'Hamas bereet fir eng Entmilitariséierung wier, de Krich wier kuerz virum Enn, zitéieren verschidde Medien de Witkoff.
D'Hamas huet dono awer kloer gestallt, datt si d‘Waffen net wäerten néier leeën, bis et ee palästinensesche Staat gëtt. D‘Rechter vun den Palästinenser missten integral unerkannt ginn.
An der Gazasträif awer leide weider honnertdausende Leit un Honger. Eng ganz Partie international Organisatiounen di sech elo zesummen ënnert dem Numm Global Mouvement to Gaza. Dat huet de Lëtzebuerger Comité pour une paix Juste au Proche Orient an engem Communiqué mat gedeelt, a sech solidaresch mat dëser Beweegung erkläert. Gemeinsam wéilt een elo Schëffer mat Hëllefsgidder an d‘Gazasträif schécken, esou de Comité pour une paix juste.