arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LuxDefence: Informéieren, beroden a weiderbilden, awer keng Prospektioun

Defense

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

13 min

play_arrow

LuxDefence: Informéieren, beroden a weiderbilden, awer keng Prospektioun

Déi nei ASBL LuxDefence huet de But Entreprisen zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen, déi am Defensesecteur schaffen, oder sech fir de Secteur opstelle wëllen. Déi Haaptmissioune vun der ASBL ass et dofir, ze beroden an ze informéieren a fir weiderzebilden, esou de President vu Lux Defense, André Wilmes.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

13 min

play_arrow
© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Virun allem mat Bléck op de Risiko vun der Spionage wier et ganz wichteg, sech der Weiderbildung net ze verschléissen, betount den André Wilmes. 

"Wat si Sécherheetsklassifikatiounen? Wat sinn och d'Risikoen, wann ech reesen? Et ginn och Casen an de leschten zwee Joer vun offiziellen europäesche Genereel, déi sech hacke gelooss hunn um Wifi am Hotel."

Et misst een also och déi néideg Reflexer sech ugewinnen. Dat ass dann och d'Roll vun der ASBL LuxDefence "am Tram schwätzen iwwert dëst oder jenes, déi Zäite sinn eriwwer.“, betount den André Wilmes.

Net de But nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze bréngen

Am 100,7 Interview erkläert hien och, datt d'ASBL Uspriechpartner fir d'Regierung ass. Allerdéngs hu si net zum Zil, nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze bréngen, esou den André Wilmes. Dofir géif et aner Acteuren zu Lëtzebuerg ginn, ënner anerem Luxinnovation, déi éischter an deem Beräich schaffen. Deemno wäert d'ASBL och net de Pavillon op der Airshow um Bourget zu Paräis iwwerhuelen.

"Mir kënne kucken aner Firmen, Delegatiounen op dee Pavillon ze bréngen, datt do Flux entsteet, datt d'Leit sech do rencontréieren, datt do en Echange stattfënnt." 

Et géif een also éischter am Hannergrond hëllefen, esou den André Wilmes.

play_arrow Lauschteren