Et ass déi éischte Kéier, datt een Appel à projet net méi un den Dual use gebonnen ass. Déi héich Verteidegungsausgabe sollen och der Lëtzebuerger Ekonomie ze gutt kommen.
Geplangt si 40 Milliounen Euro iwwer déi nächst dräi Joer fir dësen Appel à projet.
"Ech mengen hei geet et wierklech ëm Defenseprojeten. Fir eis ass et wichteg ze gesinn, datt wa mir vum Dual use ewechginn, datt et awer méiglech ass e positive Spillover hunn – och fir den ziville Secteur."
Waffeproduktioun zu Lëtzebuerg?
Wat d’Waffeproduktioun zu Lëtzebuerg ugeet, wier een den Ament am Gaang op Regierungsniveau de legale Kader ze préiwen an eventuell ze iwwerschaffen, esou nach d’Defenseministerin Yuriko Backes op Nofro hin.
Den offizielle Lancement ass da Mëtt September. Bis den 12. Dezember hunn d‘Entreprisen a Recherchezenteren Zäit hir Projeten anzereechen.