arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Militärsatellit GovSat-2 soll 2029 starten

Defense

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Militärsatellit GovSat-2 soll 2029 starten

 D’Defenseministesch Yuriko Backes huet um Mëttwochmëtteg an der Chamberkommissioun Defense de Gesetzesprojet fir den zweete Gov-Sat Militärsatellit presentéiert. Ronn eng hallef Milliard Euro plangt de Staat an de Bau, de Lancement an an d’Exploitatioun vum neie Satellit ze investéieren. 

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Defenseministesch Yuriko Backes bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Chef Mark Rutte dem 2. September | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
D'Defenseministesch Yuriko Backes bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Chef Mark Rutte dem 2. September (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

De GovSat-1 wier mëttlerweil voll ausgelaascht. De GovSat-2 soll 2029 starten, mat méi technesche Méiglechkeeten an engem ekonomesche Retour fir de Grand-Duché, sou d’Yuriko Backes.

De Lëtzebuerger Staat wäert och Kapazitéite vum neie Satellit anere Länner zur Verfügung stellen. Wéi eng wollt d’DP-Ministesch awer nach net präziséieren.

“Mir wäerten als Staat Kapazitéite kafe, déi mir dann anere Länner , eisen Alliéierten, kënnen zur Verfügung stellen. An da misste mir och fir Imprevue preparéiert sinn a kucken datt mir am Partenariat mat anere Länner kënne schaffen, déi un de Kapazitéite vum GovSat-2 intresséiert sinn.”

Geplangt ass eng ëffentlech-privat Kooperatioun, bei där sech de Staat an d’Firma SES jeeweils zu 50 Prozent bedeelegen.

Oppositioun gréisstendeels dofir

Ënnert den Deputéierte gouf et no der Chamberkommissioun ee breede Konsens zu dem Gesetzesprojet. D’Sam Tanson vun Déi Gréng begréisst, datt och Lëtzebuerger Entreprisen un dësem Projet bedeelegt sinn.

“Et ass an der Kontinuitéit vun deem, wat mir zu Lëtzebuerg bis elo gemaach hunn. Et ënnersträicht namol d’Wichtegkeet vum Satellitte-Standuert Lëtzebuerg.”

D’LSAP-Deputéiert Liz Braz huet de Projet als eng sënnvoll Investitioun beschriwwen, well Lëtzebuerg sech op déi Manéier och international positionéiere kéint.

“Et ass kloer, datt mir iwwert déi nächst Jore gezwonge si fir Sue fir d’Defense auszeginn. An dat hei ass ee vun deenen Engagementer, déi méi Sënn maache wéi anerer.”

"E muss rentabel sinn"

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen hätt sech ufanks skeptesch gewisen, mee géif de Projet als akzeptabel gesinn, wann en da wirtschaftlech rentabel wier.

“Wann de Staat herno domat ka Geld verdéngen, ass e sënnvoll. Wann dat net esou wier, da géif ech et ganz kritesch gesinn.”

De GovSat-1 wier mëttlerweil voll ausgelaascht an um Enn ee Succès gewiescht. Den neie Gov-Sat soll da méi technesch Méiglechkeete kréien, esou nach d’Defenseministesch Yuriko Backes no der zoustänneger Chamberkommissioun.

play_arrow Lauschteren