Däitschland géif dem Trump seng Aschätzung deelen, datt dëst neit Zil néideg wier, esou den CDU-Politiker Wadephul beim NATO-Ausseministertreffen an der Tierkei: dat no engem Gespréich vum neien däitschen Ausseminister mam US-Ausseminister Marco Rubio.
3,5 Prozent + 1,5 Prozent vum PIB?
De Johann Wadephul huet awer däitlech gemaach, datt kéint ofgemaach ginn, datt déi klassesch Verteidegungsausgaben op 3,5 Prozent vun PIB kéinte klammen. Weider 1,5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung soll all NATO-Memberstaat fir militäresch notzbar Infrastruktur ausginn. Esou ee Plang hat rezent och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte proposéiert.
Als méiglechen Delai fir d’Erfëlle vum neien Zil gëlt d’Joer 2032.
De Moment gesäit d’NATO-Zil fir d’Verteidegungsausgaben zwee Prozent vum PIB all Joer vir.
Xavier Bettel informéiert d’NATO-Partner
Um Treffen vun den NATO-Ausseministeren an der Tierkei dobäi ass och de Lëtzebuerger Ausseminister.
De Xavier Bettel huet a senger Interventioun déi Alliéiert doriwwer informéiert, datt Lëtzebuerg Enn vun dësem Joer d’Zil vun zwee Prozent vum Revenu national brut (RNB) fir Verteidegungsausgabe wëllt erreechen.