Der neier Vizepresidentin vum Amazon EU-Geschäft no hätt de Betrib mat hiren Aktivitéiten direkt an indirekt 10.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschaaft.
Zejoert hätt Amazon zu Lëtzebuerg 1,8 Milliarden Euro an Infrastrukturen a Remuneratiounen investéiert. Dat hätt een Impakt gehat vu 700 Milliounen op de Lëtzebuerger PIB, huet d’Mariangela Marseglia, Vizepresidentin vun Amazon Euvirun der Press preziséiert.
D’Firma déi zënter 2003 hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an och wéilt hei bleiwen hätt bannent deene leschten 10 Joer am Ganzen 10 Milliarden am Land investéiert an hätt iwwert déi Period 3,5 Milliarden zum Lëtzebuerger PIB bäigedroen.
150 Lëtzebuerger Betriber exportéieren hir Wueren weltwäit. Zejoert hunn déi kënnen an Héicht vun iwwert 40 Milliounen exportéiert.