A 24 Joer huet hien als Prënz an Ierfgroussherzog 70 Wirtschaftsmissioune matgemaach. An déi lescht elo zu Osaka a Japan war dowéinst ganz emotional.
“Jo, fir mech besonnesch ass dat dann e wichtege Moment. Et ass meng lescht Missioun als Ierfgroussherzog virun Oktober. Dat heescht, dat war och ganz emotionell. An ech muss soen, jo, dass et grad Japan war, war och eppes Spezielles fir mech, well et ass eng Plaz, wou ech vill gereest sinn, an eng Plaz, déi ech och ganz gären hunn.”
Den 3. Oktober wäert de Prënz Guillaume den neie Grand-Duc ginn.
Waasserstoff ee Sujet op der Wirtschaftsmissioun
Fir déi Lëtzebuerger Hydrogen-Strategie kéint Japan an Zukunft eng wichteg Roll spillen. A méi genee eng vun de gréisste japaneschen Hydrogen-Entreprisen Iwatani, déi zu Osaka hir Laboen huet.
Am Kader vun der Visitt vun der Weltausstellung war den Ierfgroussherzog Guillaume zesumme mat der Ministerin Stéphanie Obertin (DP) dës Entreprisë besichen a si konnt éischt Kontakter knäppen.
A Japan ass d’Hydrogen-Technologie a Waasserstoff generell als Energiequell scho vill méi wäit wéi an Europa. Dowéinst ass d’EU beméit, fir Japan op deem Gebitt als Partner ze kréien. A sou och Lëtzebuerg. An d’Firma Iwatani kéint do e gudde Partner sinn, esou de Mario Grotz, de Generaldirekter vu Luxinnovation. Hie war bei der Visitt vun der Firma zu Osaka mat dobäi.
“Lëtzebuerg huet jo eigentlech seng Strategie opgesat an do gëtt et och eng Strategie, fir den Hydrogen unzeschléissen, entweeder iwwer d'Belsch oder och iwwer Frankräich. A Lëtzebuerg soll een Transitland ginn. Dat ass natierlech elo e bëssen a Fro gestallt mat enger Decisioun, déi an der Belsch gefal ass. Mee do gëtt et eng kloer Strategie an do muss Lëtzebuerg och investéieren, fir säin eegent Netz dann eeben opzebauen an eis unzeschléissen an déi verschidde Länner.”
"Lëtzebuerg muss sech bäimaachen"
Lëtzebuerg ass als klengt Land an als Transitland net nëmmen op aner Länner, mee och a strategesch Partnerschaften ugewisen. Dowéinst misst Lëtzebuerg sech bäimaachen, esou de CEO vu Luxinnovation. D’Entreprise a Japan hätt een Interesse dorun, fir mat Europa zesummenzeschaffen. Et géife scho Partenariater mat Frankräich a mat ënner anerem der Europäescher Kommissioun ginn, esou de Mario Grotz.
“Mir mussen hinnen natierlech elo weisen, wat mir kënne liwweren. Mir hunn op enger Säit Fuerschungsaktivitéiten op der Universitéit, déi ganz interessant sinn. An op der anerer Säit hu mir och éischt Pilotprojeten elo am Beräich vum Hydrogen. An ech mengen, et geet eeben dat ze weisen, wat mir do hunn, wat mir kënnen, wat mir fir Kompetenzen hunn an dann effektiv ze hoffen, datt si dat interesséiert, fir och mat ons zesummenzeschaffen.”
A Japan ginn et 150 Waasserstoff-Statiounen. Lëtzebuerg huet bis elo eng, an dat zu Beetebuerg am Multimodal-Hub.