Beim Xavier Bettel senger Visitt gëtt eng Ofschlosszeremonie organiséiert. D'Ekipp vum lëtzebuergesche Pavillon presentéiert dem Vizepremier do e virleefege Bilan, esou e Communiqué.
Aktuelle Schätzungen no hätte bis elo ongeféier 380.000 Leit de Lëtzebuerger Pavillon zënter der Ouverture vun der Weltausstellung am Abrëll dëst Joer besicht.
Domat hätt de Pavillon déi maximal Zuel u Visiteuren erreecht. Déi maximal Kapazitéit läit bei 2.250 Visiteuren den Dag.
Wat d’Zefriddenheet vun de Visiteuren an och déi medial Resonanz ugeet, huet de Nikkei Marketing Journal de lëtzebuergesche Pavillon op déi drëtt Plaz gesat an engem Klassement vun de beschte Pavillonen op der Weltausstellung vun dësem Joer zu Osaka a Japan.