arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lokal Autoszouliwwerer: "Eis Lag hei gëtt net besser"

Wirtschaft

|
headphones

3 min

Lokal Autoszouliwwerer: "Eis Lag hei gëtt net besser"

Een däitschen Autoshiersteller nom aneren huet rezent een Abroch beim Benefice annoncéiert. Ee Grond sinn déi amerikanesch Douanestaxen. Mee och hei am Grand-Duché, wou zwar keng Autoe gebaut gi, mee Stécker déi dra kommen, sinn dës Auswierkunge ze spieren.

headphones

3 min

Den ILEA-President Julian Proffitt | © Jo Diseviscourt
Den ILEA-President Julian Proffitt (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi däitsch Premium-Autosmarke Porsche, Mercedes-Benz an Audi hunn dëser Deeg matgedeelt, datt d'Beneficer fir dat éischt Semester vun dësem Joer staark zeréckgaange sinn. Bei Porsche zum Beispill ass de Benefice an den éischte sechs Méint vun 2025 op 718 Milliounen Euro zeréckgaangen: Ee Minus vu ronn 71 Prozent am Verglach mam éischte Semester 2024.

Staark ofhängeg vun Däitschland

De Marché hätt net nëmme Problemer wéinst dem US-Marché, mee vill Leit géifen nach ëmmer ofwaarde mat der Entscheedung, wéi een Auto si solle kafen, esou de Julian Proffitt, de President vum Lëtzebuerger Verband vun den Autoszouliwwerer.

An den Zouliwwerer-Secteur hei am Land géif staark vun der däitscher Autosindustrie ofhänken. De Gros vun de Produiten, déi hei am Land hiergestallt ginn, géingen entweeder an Däitschland oder an aner europäesch Länner exportéiert ginn, esou den Julian Profitt.

"Mir exportéieren een Deel an aner Weltregiounen. Mee mir si wierklech ofhängeg vun der Leeschtung vun der däitscher Autosindustrie. A mir hunn alleguer gesinn, datt säit dem Abrëll déi Volumme manner sinn, wéi si am éischte Quartal waren."

EU-Autoszouliwwerer sinn d'Verléierer vum EU-USA-Accord

Ee Grond fir den Zoustand vun der däitscher Autosindustrie sinn déi nei Douanes-Taxen an den USA, déi zënter dem Abrëll bei 27,5 Prozent leien, an elo op 15 Prozent sollen zeréckgoen. 15 Prozent och fir d'Zouliwwerindustrie wier awer sechs Mol méi héich, wéi nach am éischten Trimester dëst Joer, esou den Julian Proffitt. 

Kann een also soen, datt d'Autosproduzenten an d'Autoszouliwwerbetriber an der EU zu de Verléierer vum neien Accord EU-USA gehéieren? Jo, definitiv, seet de President vum Lëtzebuerger Verband vun den Autoszouliwwerer, well een och nach ëmmer op en Accord tëschent den USA a China géing waarden.

"An egal wéi, do kommen nach d'Tariffer dozou. An dat heescht, do si Volumme vun Autoen, déi och hei op den europäesche Marché wäerten treffen. Dat heescht nach manner Produktioun hei an Europa. Eis Lag hei gëtt net besser."

Et misst ee sech iwwerleeën, ob een net mat anere Produiten oder Iddien, déi technesch innovativ sinn, nei Marchéë fir sech gewanne kann, seet den Julian Profitt. Esou kéint een eng grouss Nofro generéieren, "egal ob do een Tarif dozou kënnt oder net."

Firmae musse sech upassen

Autosproduzente wieren awer och amgaangen ze iwwerleeën, ob si Produktiounen aus Europa an d'USA solle verleeën, fir laanscht d'Taxen ze kommen, seet den Julian Proffitt. Wann dat geschitt, da wieren déi Lëtzebuerger Zouliwwerbetriber net méi automatesch d'Liwweranten, esou de President vun der Luxembourg Automotive Suppliers Association.

Rechent den Julian Proffitt deemno domat, datt kuerz- oder mëttelfristeg Aarbechtsplazen am Autoszouliwwersecteur wäerte mussen ofgebaut ginn?

"Mir sinn alleguer nach ëmmer ënnerwee, déi éischt Well vun den Tariffer ze absorbéieren. Ech mengen, d'Firmae si virsiichteg mat Leit astellen. Mir brauchen och gutt, héich qualifizéiert Leit am technesche Beräich, dat ass kloer. A mir mussen och nach kucken, datt mir genuch Leit hunn, fir d’Recherche an d’Entwécklung ze maachen, déi néideg ass fir déi nei Produkter."

Wann d'Nofro vun de Produite wierklech staark no ënne géing goen, da misst ee sech "effektiv upassen". Déi meescht Firmae géingen dat aktuell och op déi natierlech Aart a Weis probéieren, spréch mat Leit, déi an d'Pensioun ginn, ouni musse Leit ze entloossen.

De Secteur vun den Autoszouliwwerer hei am Land beschäftegt de Moment ronn 8.500 Leit.