Radioen

On air

Concert  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: Europäesch Géigentaxe si keng laangfristeg Léisung

Reaktioun op US-amerikanesch Douanestaxen

Lex Delles: Europäesch Géigentaxe si keng laangfristeg Léisung

Wéi positionéiert d'EU sech zu den Douanestaxen, déi d'USA vun haut Mëttwoch un op all Importer aus Europa gesat hunn? A wat muss Lëtzebuerg maachen, fir mat de Konsequenze vun deenen Taxen eens ze ginn? Fir de Wirtschaftsminister Lex Delles ass d'Äntwert kloer: Déi ganz EU muss zesummeschaffen an de Bannemarché stäerken. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Haut um Mëttwoch wëllt d'EU eng Lëscht mat Géigentaxen op verschidden amerikanesch Produite publizéieren, déi sollen erhuewe ginn. Den DP-Minister gesäit dëst awer net als laangfristeg Léisung. Allgemeng wiere Géigentaxe esouguer keng Léisung fir de Problem, fënnt de Lex Delles.

"Eng oppen Ekonomie kreéiert Aarbechtsplazen. Eng oppen Ekonomie gëtt Sécherheeten de Betriber, datt se kënne fonctionéieren, laangfristeg Sécherheeten. An dat brauche mir an alleguerten den Deeler vun der Welt haut, well et sinn ëmmer déi Schwächsten, déi do Problemer kréien."

An esou enger Situatioun hätt een nëmme Verléierer, constatéiert de Minister. An dofir misst Europa nees fir eng gëeente Weltwirtschaft plädéieren.

Och den indirekten Impakt dierf net ënnerschat ginn

Schonn zënter Mäerz gëtt et eng Tax vu 25 Prozent op Stol an Aluminium, deen an d'USA importéiert gëtt. Vun engem direkten Impakt op de Lëtzebuerger Stol- an Aluminium-Marché hätt de Wirtschaftsminister nach näischt matkritt. Et misst ee sech awer och bewosst sinn, datt een indirekten Impakt besteet.

“Dat sinn Entreprisen, déi an Däitschland zum Beispill exportéieren, fir do een Auto zesummenzebauen. Dat heescht Zouliwwerer vun der Autosbranche. Wann den Auto, deen aus Däitschland exportéiert gëtt, an Amerika blockéiert gëtt, respektiv méi deier gëtt, da kann dat och eng indirekt Repercussioun op déi Entreprisen hunn, och wann déi net direkt an engem Lien mat Amerika stinn.”

Bei der Aféierung vun Douanestaxen a Géigentaxen gëtt et nëmme Verléierer: Do si sech d'Wirtschaftsexperten eens. Och mir wäerten d'Auswierkungen ze spiere kréien, esou de Lex Delles. Fir de Wirtschaftsminister steet nämlech fest: Taxen a Géigentaxen féieren zu enger Inflatioun.

“Et ass kloer, datt wann op verschiddenen Niveauen d'Taxen dropgeluecht ginn, da ginn d'Produiten, déi importéiert ginn, gi méi deier, dann hu mir do d'office eng Inflatioun drop. Op där anerer Säit ginn och d'Zouliwwererproduite méi deier."

Déi ganz Liwwerkette misste sech nei organiséieren, wat och Auswierkungen d'Präisser huet.

Afloss op Lëtzebuerger PIB?

A wéi wäit sech déi US-Taxen op de PIB vun eisem Land wäerten auswierken, ass nach net gewosst, sot de Lex Delles. Et kéint een awer elo scho soen, datt déi Douanestaxen eng Onsécherheet vum Marché mat sech bréngen. Déi rezent Entwécklungen op de Bourssen hätten dat och kloer gewisen, esou nach den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles am 100,7-Interview.

Lauschterenplay_arrow