Reuters berifft sech op zwou gutt informéiert Sourcen. Déi chinesesch Legend Holdings hat virun aacht Joer déi 90 Prozent vun der BIL iwwerholl, déi virdrun engem katareschen Aktionär gehéiert hunn.
Déi aner 10 Prozent huet de Lëtzebuerger Staat. Weder Goldman Sachs nach Legend Holdings ware bereet der Noriichtenagence déi Informatiounen ze kommentéieren.
D'BIL ass déi eelste Privtabank zu Lëtzebuerg. Eng Source vu Reuters schätzt hire Verkafswäert läit tëscht 2,5 an 3 Milliarden Euro.