Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Dance, No One's Watching

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg, den Zentrum vun der Mikrofinanz

Entwécklungszesummenaarbecht

Lëtzebuerg, den Zentrum vun der Mikrofinanz

Wärend dräi Deeg ass Lëtzebuerg den Zentrum vun der Welt. Op d‘mannst am Beräich vun der Mikrofinanz. D’European Microfinance Week ass nämlech nees hei, wéi schonn zënter ville Joeren. Eng grouss, international Konferenz zum Thema, fir déi sech dës Kéier erëm méi wéi 600 Leit aus 60 Länner ugemellt hunn. 

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Organiséiert gëtt déi Woch vun der European Microfinance Platform. Hire Generalsekretär Christoph Pausch erkläert bei Mikrofinanz handelt et sech ëm eng finanziell Déngschtleeschtung fir Mënschen, déi normalerweis keen Zougang zu sou Déngschtleeschtungen hätten.Well si zum Beispill kee reegelméissegt Akommes hunn, oder a Géigende wunnen, wou den Zougang zu Banken a Finanzinstituter ageschränkt ass. Grad an der Entwécklungszesummenaarbecht gëtt vill op Mikrofinanz gesat. A Form vu Kreditter zum Beispill, mat deenen d‘Leit ee klenge Business opstelle kënnen, erkläert de Christoph Pausch.

Et wier quasi eng Hëllef fir sech selwer aus der Aarmut ze hëllefen a geet domat iwwer déi typesch Aarmutsbekämpfung eraus, betount de Christoph Pausch. 

Lëtzebuerg ass ee Virbild fir Mikrofinanz

Lëtzebuerg huet eng prominent Roll an der Mikrofinanz. Engersäits wéinst der Finanzplaz an anerersäits, well 1 Prozent vum PIB an d‘Entwécklungszesummenaarbecht geet.

50 Prozent vun den Investmentfongen an der Mikrofinanz sinn zu Lëtzebuerg domiciliéiert. An et gëtt eng Rëtsch ONGen zu Lëtzebuerg, déi an der Mikrofinanz täteg sinn. Doraus wier een „Ökosystem vun der Mikrofinanz an der finanzieller Inklusioun“ entstanen.

Keng Wonnerwaff

Trotzdeem ass Mikrofinanz keng Wonnerwaff, betount de Christoph Pausch. Wee Kreditter seet, seet och Scholden. Seng Organisatioun këmmert sech also och ëm déi sougenannte Client Protection, fir dofir ze suergen, datt et net esou wäit kënnt.

De ganzen Interview mam Christoph Pausch

Lauschterenplay_arrow