Virdrun hat jo den US-President Donald Trump Taxen op chineesesch Produiten op en Neits gehuewen. Déi Mesurë wieren eng grave Violatioun vun de Reegele vum internationale Commerce, sou d‘Kritik vu Peking.
Op den asiatesche Boursse geet den Op an Of och um Freideg monter virun. D’Mäert si weider beonrouegt wéinst de Konsequenze vum Handelskrich tëscht den USA a China a wéinst der Onsécherheet vun der Douanespolitik vum amerikanesche President Donald Trump. Sou hat den Nikkei-Index vun der Bourse zu Tokyo bei der Ouverture e Minus vu ronn 3,6 Prozent par Rapport zur Clôture um Donneschdegowend opweises. Am Verlaf vun der Seance an der japanescher Haaptstad huet den Haaptindice aus Asien souguer iwwer 5 Prozent noginn.
De chineesesche President Xi Jinping huet d’EU um Freidemoien dozou opgeruff, zesumme mat China dem "Zwang vun den USA ze widderstoen". Peking a Bréissel missten an deem Kontext Verantwortung iwwerhuelen.
No enger Reunioun mam spuenesche Premier Pedro Sanchez sot de chineesesche President, zu zwee sollt een d’Mondialisatioun an den Handel schützen. Fir de Gaascht aus Spuenie sollt iwwerdeems den Handelsdefizit mat China korrigéiert ginn.