Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Haaptsëtz vum Satellittebedreiwer SES bleift zu Betzder

Kommunikatioun

Den Haaptsëtz vum Satellittebedreiwer SES bleift zu Betzder

Dat huet de Generaldirekter Adel Al-Saleh den Donneschdeg nach eng Kéier verséchert. Am Dezember d'lescht Joer war bei der SES ee Sozialplang ënnerschriwwe ginn, vun deem 68 Beschäftegter zu Betzder betraff waren. Donieft plangt d'SES d'US-Entreprise Intelsat ze kafen.

auto_stories

1 min

Adel Al-Saleh | © Serge Kesseler
Adel Al-Saleh (Foto: Serge Kesseler)

Den Adel Al-Saleh huet den Donneschdeg erkläert, datt d'Käschte bei der SES a verschiddene Beräicher nach ëmmer ze héich wieren, an den Transformatiounsprozess dëst Joer soll virugoen.

Enn Abrëll d'lescht Joer hat de Lëtzebuerger Satellittebedreiwer ugekënnegt, den amerikanesche Konkurrent Intelsat fir ëmgerechent 2,8 Milliarden Euro wëllen ze kafen. D'Zil wier et, dësen Zesummeschloss bis dëse Summer ze realiséieren, esou den SES-CEO den Donneschdeg.

An eiser Emissioun Moiesstudio huet den Adel Al-Saleh weider Informatioune ginn.

Lauschterenplay_arrow