D'Vertriederinnen aus Lëtzebuerg, Däitschland, Éisträich, der Schwäiz an aus Liechtenstein hunn dobäi de Multilateralismus a fair Steierreegelen als wichteg Akzenter genannt.
Gespuerte Sue geziilt notzen
Dozou géif och d'Ëmsetzung vun enger Mindestbesteierung fir international Firme vu 15 Prozent zielen. Esou soll ee Wettbewerbsnodeel fir europäesch Firmen evitéiert ginn. Virun allem sollen europäesch Betriber gestäerkt ginn, esou de Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth.
"Dat heescht, dass mir manner administrativ Hürden hunn, dass mir Instrumenter schafen, wou mir Privatkapital niewent ëffentlechen Institutioune kënne mobiliséieren. Zum Beispill leien onméiglech vill Milliarden u Spuereinlagen hei an de Finanzinstituter an Europa. Mee déi kann een och zilgeriicht notzen, fir dass een zum Beispill Kleng- a Mëttelbetriber kann ënnerstëtzen."
Dozou géif och ee staarken europäesche Bannemaart an d'Ëmsetzung vun enger Mindestbesteierung fir international Firme vu 15 Prozent zielen, déi 2024 ageféiert gouf. Op déi Manéier géif ee Wettbewerbsnodeel fir europäesch Firmen evitéiert ginn, esou nach de Gilles Roth.
Allgemeng zum Theema fair Steierpolitik wier een als Member vun de G7-Staaten och a Gespréicher mat den USA, huet den däitsche Staatssekretär fir Finanzen Ralf Bösinger betount.
“Unser Bestreben ist es, mit den USA zusammen dieses Level-Playing-Feld herzustellen, um diese globale Mindeststeuer umzusetzen, um am Ende eine insgesamt faire Steuerpolitik zu bekommen.”
Den éisträichesche Finanzminister Markus Marterbauer ass iwwerdeems optimistesch, datt Europa seng international Stäerkt nach weider ausbaue kéint.
“Indem Infrastruktur, Energienetze, Verkehrsnetze gemeinsam entwickelt werden, den sozialen Zusammenhalt zu stärken, sodass niemand zurückbleibt im Wohlstand, und die ökologische Nachhaltigkeit zu stärken, indem wir in neue Energiesysteme investieren, indem wir in Energienetze auch investéieren.”
Um Dënschdeg trefft sech de Premier Luc Frieden nach mat der Schwäizer Bundespresidentin Karin Keller-Sutter, esou wéi mat der Regierungscheffin vu Liechtenstein Brigitte Haas fir bilateral Gespréicher.