arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréiwemaacher: Stau wéinst Grenzkontrollen

40 Joer Schengen-Ofkommes

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Gréiwemaacher: Stau wéinst Grenzkontrollen

Eigentlech bedeit d’Schengen-Ofkommes oppe Grenze bannent Europa. D’Realitéit un den däitsch-lëtzebuergesche Grenzen ass awer zënter Méint eng aner. Kontrolle bedeiten nämlech Stau an zu Gréiwemaacher, zum Beispill, geet et da kaum nach virun.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Grenzkontrollen un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz | © picture alliance / Foto Huebner
Grenzkontrollen un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz (Foto: picture alliance / Foto Huebner)

Däitschland hat Grenzkontrollen agefouert mam Zil déi illegal Migratioun ze stoppen. Zënterdeem déi nei Bundesregierung am Amt ass, sinn d’Kontrolle verstäerkt. D’Kontrollen si ville Grenzpendler a Bewunner aus de Grenzgemengen en Dar am A.

D’Grenzpendler:innen si rosen. Wierder wéi “absoluter Scheissdreck” falen an den Interviewe mat de Pendler:innen.

Ee vun de Buschauffere weist sech onzefridden. Fir hien hunn sech seng Aarbechtskonditioune verschlechtert, vue datt hie fest Zäite muss anhalen. Duerch d’Grenzkontrolle verléiert hien ëmmer rëm 30 bis 40 Minutten. Dorënner leiden, mécht seng Pausenzäit.

“Chaque jour, je suis arrêté à Perl. Chaque fois que je passe, je suis arrêté par un contrôle.”

Och ouni Grenzkontrollen ass reegelméisseg scho vill Stau zu Gréiwemaacher wärend dem Beruffstrafic.

D’Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, d’Monique Hermes, erzielt 2024 wieren zum Beispill an der Moyenne eng 17.000 Autoen un engem Wochendag iwwert d’Grenz gefuer.

“Violatioun vum Schengener Ofkommes”

Et wieren also vill Leit vun de Grenzkontrolle betraff an dowéinst ass d’Monique Hermes alles anescht ewéi frou iwwer déi aktuell Situatioun.

“Et ass wierklech erëm eng Kéier Schengen quasi dout gemaach. Schengen huet fir fräi Grenze plädéiert an elo komme Grenzkontrollen. An eenzelne Fäll kéint ech se verstoen, mee dass muss systematesch jiddwereen ënnersicht ginn, fannen ech net an der Rei.”

D’CSV-Buergermeeschtesch schwätzt vun enger “Violatioun vum Schengener Ofkommes”. Si versteet net, wisou déi Kontrollen zu Gréiwemaacher direkt op der Grenz gemaach ginn a verweist op d’Situatioun op der Tréier Autobunn.

Do wier eng Kontrollstatioun net direkt op der Grenz mee e Stéck méi wäit op der Biewerbachtalbrücke ageriicht ginn.

De Pressespriecher vun der Bundespolizei Tréier Stefan Döhn plaidéiert fir Verständnes a betount datt och wann un der däitscher Grenz kontrolléiert gëtt, wier d’Schengener Ofkommes awer weiderhi wichteg an aktuell.

“Es ist ja keine Grenze zu, es wird kontrolliert.”

Dem Stefan Döhn no géifen d’Grenzkontrollen hir Friichten droen – an dat schonn zënter de Grenzkontrolle vun der viregter Regierung.

Ziler vun der Police géifen areecht ginn

Zënter dem 16. September hätt ee ronn 1.000 versichten onerlaabten Areesen aus Lëtzebuerg gehat. Dovu wiere ronn 700 Leit zeréckgewise ginn. Iwwerdeems hätt een 150 Mandats d’arrêt an 30 Schleuser gehat.

“Ich meine die Ziele, die polizeilichen Ziele, die werden schon erreicht durch diese Massnahmen die wir hier treffen.”

D’Zil wier et déi illegal Areesversich ze stoppen, esou nach de Stefan Döhn.

D'CSV-Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher gesäit d'Kontrollen trotzdeem kritesch. Fir si wier virun allem wichteg den Zesummenhalt vun Europa ze stäerken.

“Et ka kee Land méi seng Zopp selwer kachen.”

Et misst een zeréck zu där Europäescher Unioun kommen, déi Eenheet heescht. An dozou géif déi fräi Zirkulatioun vun de Bierger:inne gehéieren, esou nach d’CSV-Buergermeeschtesch. 

play_arrow Lauschteren