Gëschter um Méindeg hunn d'Aarbechten a Richtung Lëtzebuerg ugefaangen. Haut um Dënschdeg gi se dann a Richtung Däitschland un. Problemer un der Struktur vun der Bréck sinn de Grond dofir. Déi grouss Suerg vu politesche Responsaablen zu Schengen an zu Réimech ass, datt d'Stauen an hire Gemengen elo nees wiisst. Dobäi kënnt d'Ongewëssheet, wéi laang d'Aarbechten daueren.
"Mir waren iwwerrascht"
An engem Communiqué vu Ponts&Chaussées vun e Freideg huet et nämlech geheescht, datt de Problem definitiv behuewe gëtt. Dat géif enger Skala entspriechen, déi oppe wier an all Richtung, seet de Michel Gloden, Buergermeeschter vu Schengen. Iwwerdeems de Jean-Paul Kieffer, Schäffe vu Réimech, fäert, datt dës Aarbechten net vun haut op muer ofgeschloss sinn.
"Well wann do scho strukturell iergendeppes drun ass, da ka sech dat iwwer Wochen, voire Méint zéien. Natierlech mécht eis dat, besonnesch fir d’Rentrée, Suergen."
De Michel Gloden wonnert sech scho mol doriwwer, datt hien als Schengener Gemengepapp net direkt iwwer dës Aarbechten informéiert gouf. Dat wier iwwer d'Press an den Internet geschitt.
"Mir waren natierlech och iwwerrascht iwwer dat, wat elo géif passéieren."
Et kéint "eng Zäitchen" daueren
Bei de Grenzkontrolle wier ganz vill Drock gemaach ginn, soudatt ee sécher gewiescht wier, datt déi iergendwann op en Enn komme géifen, esou de Buergermeeschter vu Schengen.
"An deem heite Fall, do muss een elo mol ofwaarden, wierklech, wat dann do fonnt gëtt. An deemno wat da fir Schied sinn, ass bestëmmt domat ze rechnen, datt dat schonn eng Zäitche wäert daueren."
Huet d'Enn vun de Grenzkontrollen an den Ae vum Michel Gloden dann éieren eppes mat deem Schantjen ze dinn? Hie mengt net.
"Ech menge schonn, datt d’Grenzkontrollen awer opgehuewe gi sinn, op Grond eebe vum politeschen Drock, dee jo awer ëmmer méi grouss ginn ass. An och d'Akzeptanz an der Bevëlkerung, virun allem hei an der Regioun, déi war jo net do. An ech mengen, datt dat dozou bäigedroen huet, datt déi Grenzkontrolle verschwonne sinn. Et géif mech scho wonneren, wann dat eent mat deem aneren zesumme géif hänken."
Den Impakt vun de Grenzkontrollen
Et kéint natierlech sinn, datt doriwwer virdru schonn diskutéiert gi wier, mee dat wiere Suppositiounen, fënnt de Schengener Gemengepapp. Deen drun erënnert, datt ee wéinst de Grenzkontrollen an de Spëtzestonne ganz vill Zäit verluer hätt.
"Ech kann Iech als Beispill soen: Wann ee vu Schwéidsbeng, an dat ass 4 bis 5 Kilometer vu Schengen ewech, eriwwer wollt an Däitschland fueren, op Pierel, dann hunn ech an de Spëtzenzäiten deelweis 40 Minutte gebraucht, wou ech normalerweis 10 Minutten dofir brauch."
D'Grenzkontrollen hätt een och massiv zu Réimech gespiert, erkläert de Schäffe vun do, de Jean-Paul Kieffer.
"Do war deelweis de Stau heiansdo bis erof an d’Buser Lach, an dat ass schonn, fir och eis Bierger an d’Leit, wou sech beweegen an der Uertschaft, net evident."
An dat wier scho vum fréien Nomëtteg un de Fall gewiescht, betount de Réimecher Gemengepolitiker. Fir deen no de Grenzkontrollen d'Bréckenaarbechten nach uewendrop kommen: Dat géif um Grenzgemengenniveau scho Frust mat sech bréngen.
Iwwregens huet de radio 100,7 gëschter um Méindegmoien der Autobahn GmbH zu Berlin Froe gestallt am Zesummenhank mat deem Schantjen: Bis elo ass aus der däitscher Haaptstad nach keng Äntwert dorop komm.