An der Gemeng Leideleng kënnen d’Awunner:innen a gutt dräi Wochen decidéieren, ob si fir oder géint ee gréissere Projet fir Verkéiersberouegung sinn.
Den 12. Oktober ass ee Referendum an der Gemeng, bei deem et ënner anerem ëm d'Fro geet, ob déi maximal Vitess op allen Haaptstroossen an der Gemeng vu 50 op 30 Kilometer an der Stonn soll reduzéiert ginn. Um Mëttwoch war dozou een éischten Informatiounsowend zu Leideleng.
"Kritesch Stëmme bei Biergerversammlung"
De Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng, de Lou Linster (DP), ass sech bewosst, datt d'Virschléi fir d'Verkéiersberouegung eng "radikal Léisung" wieren, wéi hien um Radio 100,7 erkläert huet ...
“Nee, ech woe kee Pronostic. Mir hate jo déi Biergerversammlung virun zwee Deeg, wou natierlech och eng ganz Partie kritesch Stëmmen ze héiere waren, wou mir och Explikatioune ginn hunn. E Sträittheema, dat sinn déi Berliner Kissen. Dee Message ass och ukomm, datt d'Leit domadder net ganz zefridde sinn a léiwer aner Verkéiersberouegungsmesuren, wéi zum Beispill Verengung vun de Stroossen oder Sinusknuppen hätten.”
Et hätt een den Awunner:inne gesot, datt Workshoppe sollen organiséiert ginn, fir zesumme Léisungen ze fannen, esou de Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng, Lou Linster.
“Mat deenen net jiddereen zu honnert Prozent d'Accord ass, mee mat deenen awer eng grouss Majoritéit vun de Leit liewe kann.”
Pensiounen: eng “Reförmchen”
A senger Funktioun als JDL-President huet de Lou Linster am 100,7-Interview kritiséiert, datt den Dossier Pensiounsreform falsch ugepaakt gi wier.
“De Sujet Pensiounen ass esou wichteg, datt deen net dierf mat anere Saache vermëscht ginn. (...) Do si scho Feeler am Ufank vun der Prozedur gemaach ginn, wat äusserst bedauerlech ass. Elo rett sech d'Regierung da bis bei déi nächst Walen, a mécht dann eng Reförmchen, fir datt mer et eeben elo nach véier Joer packen, oder bis 2030 packen. An da muss déi nächst Regierung dat waarmt Eisen dann upaken.”
Den DP-Politiker Lou Linster huet dorun erënnert, datt de Premier Luc Frieden (CSV) eng déifgräifend a laangfristeg Reform versprach hat.
“D'Sozialministesch Martine Deprez huet dee Sujet lancéiert an de Luc Frieden ass an der Ried zur Lag vun der Natioun do virgeprescht mat Propositiounen. Ware se elo ofgeschwat? A mat weem? Do ginn d'Meenunge jo wäit auserneen. De Xavier Bettel huet a mengen Aen nach gerett, wat ze rette war, fir datt d'Gewerkschaften net komplett op d’Barrikade ginn.”
De Xavier Bettel hätt den Don als Premier gehat, fir meeschtens ee Konsens ze fannen. Dee “politesche Flair” hätt de Luc Frieden bei dëse “Sozialronnen” leider net gehat, huet de JDL-President Lou Linster bedauert.
Pensiounen: Thema am Walkampf 2028
De Lou Linster geet dovun aus, datt d’Pensioun ee Sujet am nächste Walkampf wäerte ginn. Da missten all d'Parteie sech positionéieren.
“Wann ech awer och héiere wat d'LSAP do vu sech gëtt, mat deenen alternative Recetten, déi mer musse generéieren. Do muss een de Leit awer och d'Wourecht soen. Also alternativ Recetten, dat sinn dann iergendwellech Steieren, déi mer rëm op iergendeppes erhiewen.”
De President vun der JDL Lou Linster ass der Meenung, datt d’CSV-DP-Regierung hir Aarbecht soll kënne fäerdeg maachen. De Bilan géif an dräi Joer gemaach ginn.