D’ASBL Zentrum fir urban Gerechtegkeet huet rezent an zweeter Instanz op en Neits Recht kritt. D’Stad Lëtzebuerg huet bis elo refuséiert, déi gefroten Dokumenter erauszeginn, mam Argument, et géif sech ëm een nach net fäerdegt internt Dokument handelen.
D’Cour administrative huet awer elo definéiert, datt et sech net méi ëm een internt Dokument handelt, wann an enger ëffentlecher Sitzung doraus zitéiert gëtt.
2022 schonn eng Propos gemaach
D’Stater Buergermeeschtesch weist sech trotz dësem Urteel awer erliichtert, well d’Stad Lëtzebuerg an engem anere Punkt Recht kritt hätt.
“ZUG wollt een Zougang an eng Kopie zu eiser Base de donnée, eeben do wou d'Foussgängersträife sinn, souguer eng elektronesch. An d'Geriicht huet ganz kloer gesot, datt dat net méiglech ass."
D'Geriicht huet preziséiert, datt dat eenzegt, wat méiglech wier, eng Lecture sur place wier ënner Opsiicht vun engem Responsabele vun der Stad, an dat wärend 8 Stonnen. Dat nämmlecht hätt d'Gemeng der ASBL schonn am Abrëll 2022 proposéiert, esou d'Lydie Polfer.
"Dat hu si net gewollt. Si hunn dräi Rendez-vousen net ugeholl, wou mir hinne genau dat do wollte proposéieren. D'Geriicht huet dat elo nach eng Kéier ganz kloer gesot, datt nëmmen dat méiglech ass, an doriwwer si mir och ganz frou.”
ZUG ka sech dem Audit widmen
Den Thorben Grosser vun der ZUG ASBL weist sech iwwerdeems frou iwwer d’Appellsurteel. D’ASBL “Zentrum fir Urban Gerechtegkeet” kéint elo den Audit iwwer d’Zebrasträife fäerdeg maachen a wéilt och an anere Stied d’Sécherheet bei de Foussgängersträifen analyséieren.
“Mir wäerten dann awer och de Summer dee ganze Projet nach eng Kéier nei starten an do engersäits kucke wat an der Stad Lëtzebuerg sech bei den Zebrasträife geännert huet an awer och aner Stied analyséieren.”
Mee elo géif een nach op d’Dokumenter vun der Stad Lëtzebuerg waarden, esou nach den Thorben Grosser vun der ZUG ASBL.