D'App ass am Normalfall geduecht, fir datt d'Autosplacke kënnen erkannt ginn, an déi Leit, déi sech duerno mam ëffentlechen Transport weider deplacéieren, wärend 24 Stonnen de Parking gratis kënnen notzen.
Fir weiderhin de gratis Service ze assuréiere ginn op verschiddene Plazen d’Barriären opgelooss. Op anere kann ee sech telefonesch mat engem Mataarbechter a Verbindung setzen, deen engem d'Paart opmaache kann, esou nach d’CFL.