Ganzer 25 Autobunnstunnelle vun op d'mannst 250 Meter Längt ginn iwwer déi nächst 2 Méint op Häerz a Longe gepréift, esou de Pressespriecher vu Ponts et Chaussées, de Ralph di Marco. Dozou gehéiert och, datt d’Tunnelle gebotzt ginn.
"Et ass awer schonn esou, datt duerch dee villen Trafic, deen dagdeeglech duerch eis Tunnelle fiert, sinn déi Maueren, déi ginn dann ëmmer méi donkel, ëmmer méi däischter. An doduerch ginn d'Siichtverhältnisser och manner gutt. Dat heescht, wa mir déi Maueren dann ofwäschen, dat ass eng spezialiséiert Firma aus der Schwäiz, déi dat mécht."
Op der aner Säit, sinn och eng ganz Partie Maintenanceaarbechten, déi an den Tunnelle musse gemaach ginn, esou de Ralph di Marco weider. Eng 300.000 Elementer mussen am Kader vun den Aarbechten an de 25 Tunelle kontrolléiert ginn, erkläert hien.
"Dat geet vun de Ventilatoren iwwer d'Beliichtung bis hin zu den Alarmsystemer, d'Brandmelder, d'Lëschtdispositiffer, d'Kameraen. D’Bëtons-Mauere ginn och eng Kéier ënnersicht, ob do kee Rass ass oder esou."
Besser eng grouss Spärung wéi e puer klenger
Eng EU-Direktiv géif virgesinn, datt dës Aarbechten zweemol am Joer gemaach ginn. Fir de Ralph di Marco wier dat och am Sënn vun der Allgemengheet.
"Eng Bier ze wiesselen oder esou, oder emol en Element ze ersetzen, dat ass elo net weider schlëmm. Mee wann dat eppes Gréisseres ass, da misst Dir den Tunnel jo bei all klenger Saach spären. Esou maache mir zweemol am Joer eng gréisser Spärung."
Fir d’Automobilisten esou wéineg wéi méiglech ze hënneren, gëtt virun allem nuets an den Autobunnstunnelle geschafft, esou nach de Ralph Di Marco. Jee no Machbarkeet gëtt iwwerdeems eng Deviatioun en place gesat, oder de Verkéier gëtt bidirektional gereegelt.