Dëst huet ProVelo gëschter um Dënschdegmëtteg an engem Communiqué matgedeelt.
Wéinst de Festivitéite ronderëm den Trounwiessel gouf d'Vëlospist op der Rouder Bréck temporär gespaart. D'Vëlosfuerer dierfen den Trottoir op enger Säit vun der Bréck benotzen, mee mussen do erofklammen an de Vëlo drécken.
Tempo-30-Schëlder bréngen näischt, esou ProVelo
Als Léisung hunn d'Stad a Ponts et Chaussées du gëschter eng temporär Vitesslimitatioun vun 30 Kilometer an der Stonn op der Strooss iwwer d'Rout Bréck annoncéiert, fir d'Cyclisten ze schützen.
Domat ass ProVelo awer weider net zefridden. Et wiere just Schëlder mat Tempo 30 dohi gestallt ginn, an der Hoffnung, datt d'Automobilisten sech dorun halen, mee dat wier net de Fall a ganz geféierlech. D'Situatioun wier fir si weider inakzeptabel, esou ProVelo.