arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Tracé vum séieren Tram "méi no bei de Leit"

Mobilitéit

|
headphones

2 min

Neien Tracé vum séieren Tram "méi no bei de Leit"

De séieren Tram, dee bis 2035 d’Stad mam Süde vum Land soll verbannen, wäert och zu Steebrécke stoe bleiwen. Dat gouf um Méindegmëtteg confirméiert. D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet nämlech eng nei Variant vum Projet virun der Press presentéiert.

headphones

2 min

Den Helge Dorstewitz, Direkter vu Luxtram, huet en neien Tracé presentéiert. | © MMTP
Den Helge Dorstewitz, Direkter vu Luxtram, huet en neien Tracé presentéiert. (Foto: MMTP)

Den Tram géif där Variant no vun der Cloche d’Or, iwwer Leideleng, Steebrécken a Féiz bis op Bieles fueren. Dësen Trajet soll eng 45 Minutten daueren, esou den Helge Dorstewitz, Direkter vu Luxtram.

Déi nei Variant vum Projet géif gréisstendeels un de viregte Projet vum deemolege Mobilitéitsminister François Bausch uknäppen, mee et hätt ee versicht, den Tracé esou ze änneren, datt den Tram méi no bei de Leit wier, erkläert den Helge Dorstewitz.

Keng Informatiounen zu de Käschten

Mat der neier Variant wäerten zu Leideleng, respektiv zu Steebrécken, Unterführungen a Brécke gebaut musse ginn, déi dann och en Afloss op d’Dauer vum Chantier tëschent der Stad a Féiz hunn.

"Wir werden nach wie vor 2035 in Belvaux-Mairie sein und 2032 in Metzeschmelz. Dagegen die anderen beiden Abschnitte bis Foetz, die ursprünglich in zwéi Inbetriebnahmen geplant waren werden im Laufe des Jahres 2031 dann gemeinschaftlech in Betrieb genommen. Da geht es nicht nur um Contrainten in Bezug auf den Bau des Tramnetzes, sondern auch die nötige Anpassung des Busnetzes, die natürlich mit der Inbetriebnahme von zwéi neuen pôle d’échanges sozusagen Hand in Hand gehen muss."

Iwwer d’Käschte vum Projet wollt d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes näischt soen. D’Finanzéierungsgesetzer missten elo ausgeschafft ginn a sollen dann 2027 virgeluecht ginn. D’Chamber muss dann driwwer ofstëmmen, fir datt d’Aarbechte kënnen ufänken.