arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Upassunge beim Gesetz iwwer d’Surveillance am ëffentlechen Transport

Mobilitéit

|
headphones

2 min

Upassunge beim Gesetz iwwer d’Surveillance am ëffentlechen Transport

D'Transportministesch Yuriko Backes huet haut um Donneschdeg dräi Projeten an der Chamberkommissioun Mobilitéit virgestallt. Een dovu war d’Gesetz iwwer d’Sécherheet an d’Surveillance am ëffentlechen Transport mat den Amendementer vum Staatsrot.

headphones

2 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

De Staatsrot hat ënner anerem Upassunge gefuerdert beim Verschaffe vu perséinlechen Donnéeën. Den Yves Cruchten vun der LSAP begréisst dëse Schratt.

"Et ass och gutt, dass mir déi Amendementer elo geholl hunn. Et ass e wichtegt Gesetz. Mir hate jo elo schonn an der Vergaangenheet dacks driwwer geschwat an et ass elo gutt, dass mer do e Stéck virukommen."

play_arrow Den Yves Cruuchten

Iwwer 400 Milliounen Euro fir d'Gare zu Beetebuerg

En anere Projet, dee virgestallt ginn ass, war dee vum Reamenagement vun der Gare zu Beetebuerg. Hei wäerte wäit iwwer 400 Milliounen Euro investéiert ginn. Dat géing sech weise loossen, esou den Yves Cruchten.   

"An dat gëtt och e schéine Projet, wou eng Ubannung an all d'Richtunge vun der Eisebunn, awer och Brécke fir d'Foussgänger, grad esou wéi Ubannungen un d'Vëlospiste virgesi sinn."

De Meris Sehovic vun deene Grénge weist sech iwwerdeems erfreet doriwwer, datt ee sech decidéiert huet, e Contrat d’Entretien vum Schinnereseau opzesetzen, fir den Entretien vun der Schinn ze assuréieren. Als Gréng géif een et begréissen, datt och an der Zukunft Moyene agesat ginn, fir de Schinnereseau performant ze halen.