arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit geplangte Gesetz soll Drock op héich Taxi-Präisser maachen

Mobilitéit

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Neit geplangte Gesetz soll Drock op héich Taxi-Präisser maachen

An Zukunft sollen Tariffer fir Taxifaarten méi kloer definéiert ginn. Deemno muss de Präis bei engem virbestallten Taxi direkt kloer sinn a bei enger spontaner Faart muss op de Kilometer berechent ginn. Dat alles mat enger Rechnung fir de Client.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Ënner Anerem dat gesäit den Avant-projet zur Reform vum Taxis-Wiese vir, den d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes haut um Donneschdeg virgestallt huet.

Dës Weideren ass virgesinn, datt déi aktuell 6 geographeschen Zonen ofgeschaaft gi sollen. Bis ewell hunn Taxien an enger vun de 6 geographeschen Zone vum Land missen ugemellt sinn an dierften dann och haaptsächlech just an deenen operéieren. 

Nei Acteuren um Marché

2016 war déi lescht Taxisreform ënner dem deemolege Mobilitéitsminister François Bausch vun deene Gréngen agefouert ginn. Geplangten Upassungen doru waren an der leschter Legislaturperiod net méi ëmgesat ginn.

Am Koalitiounsvertrag vun der aktueller CSV-DP-Regierung war och eng Reform dofir virgesinn. Elo wëllt een en neit Gesetz schafen, wat dat vun 2016 ofléise soll, erkläert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.

"Mir gesinn, dass ëmmer méi iwwer d' Appe gefuer gëtt. Mir gesinn och, dass d'VLCen trotzdeem och eng gewësse Clientèle hunn. Et sinn nei Acteuren um Marché."

Déi sougenannt VLCe beschreiwe Locatiounsautoe mat engem Chauffeur, wéi déi vun der Plattform Uber. Och well dës Forme vu Matfuergeleeënheet an de leschte Joren ëmmer méi an de Marché gestréimt sinn, wëll ee VLCen am legale Kader elo mat Taxie gläichsetzen.

Et soll awer dobäi bleiwen, datt Uber-Chauffeure just mat enger Taxislizenz an enger Autorisatioun dierfe fueren.

Autoen net méi al wéi 8 Joer

10 Mesurë gesäit dat proposéiert Gesetz vir, wat ënner Anerem als Zil huet, déi héich Taxispräisser zu Lëtzebuerg erofzekréien.

Zu deene Mesuren zielt, datt de Plafond, dee momentan fir d’Unzuel vun Taxislizenze gëllt, bis 2030 schrëttweis gehuewe gëtt.

D’Chauffeursformatioun soll vu 4 Stonnen op 16 Stonne Cours eropgesat ginn an een Taxi oder ee VLC soll net méi al wéi 8 Joer dierfe sinn, esou d’Yuriko Backes. Dat alles, fir de Comfort vum Client ze garantéieren.

Yuriko Backes wëllt näischt garantéieren

Et géifen awer net nëmme Virdeeler fir d’Clienten entstoen.

"Ech sinn iwwerzeegt, dass dës Reform am Interessi vum allgemengen Taxifueren an eisem Land ass, dass am Interessi vum Secteur, dass mat méi abordabele Präisser d'Leit méi mat Taxie wäerte fueren."

Datt dës Reform wierklech dofir suergt, datt d’Taxispräisser erofginn, wëllt d’Mobilitéitsministesch net garantéieren, mee dës Reform misst e gewëssenen Drock op d‘Präisser maachen, esou nach d’Yuriko Backes.

Reaktioune vun der Oppositioun

De virgestallten Avant-projet zur Taxi Reform, gëtt an der Oppositioun gréisstendeels begréisst. De Meris Sehovic vun deene Grénge begréisst et, datt Uber-Chauffeure weiderhi mussen eng Taxislizenz hunn a sozial verséchert sinn, stéisst sech awer dodrun, datt Taxie mat Verbrennermotoren nach weider kënne Lizenze kréien, och wa se dem Projet no dofir mussen eng CO2-Tax bezuelen.

"Bis elo war et esou, dass et zwou Zorte Lizenze gouf: Engersäits Lizenze fir fossil Autoen an anerersäits Lizenze fir Elektro oder aner Nullemissiounen. An an deene leschte Jore sinn eigentlech just nach Lizenze vergi gi fir Nullemissiounsautoen. Och dës Distenctioun tëschent fossill an Nullemissioun wëllt d'Regierung sträichen an ersetze mat engem Mechanismus, wou een dann op den CO2-Ausschloss vum Vehikel d'Lizenz bezilt a méi deier bezilt, wann den Auto méi CO2 ausstéisst. Ech hunn do ganz grouss Doutten, dass dat als Instrument aleng wäert duergoen, fir d'Dekarboniséierung an deem dote Secteur virunzedreiwen."

Iwwerdeems géif ee sech Gedanke maachen, wat d’ersatzloost Sträiche vun de geografeschen Zone bewierke géif. Hei misst een elo oppassen, datt et do net zu Verschlechterunge fir déi ländlech Regioune kënnt. Där Meenung ass och den Yves Cruchten vun der LSAP, wéi deen an der zoustänneger Chamberkommissioun gesot huet.

 

play_arrow Lauschteren