Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Pearl and The Oysters - Big Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Benoy: Gratis Parkplazen eleng maachen de Garer Quartier net méi attraktiv

2 Stonne gratis Parken um Rousegäertchen

François Benoy: Gratis Parkplazen eleng maachen de Garer Quartier net méi attraktiv

Gëschter um Méindegmoien ass de Parking Rousegäertchen op der Stater Gare no 6 Joer Chantier nees opgaangen. Bei där Geleeënheet ass och annoncéiert ginn, datt d’Parken op där Plaz elo bis Enn dës Joers déi éischt zwou Stonne gratis ass. Gëtt de Quartier doduerch méi attraktiv?

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

De blo-schwaarze Stater Schäfferot wier dobäi op eng Fuerderung vum Stater Geschäftsverband agaangen, esou d’Presidentin Mireille Rahmé-Bley. Si betount och, datt et héich Zäit gi wier, datt de Rousegäertchen nees opgaangen ass. Duerch eng besser Accessibilitéit erhofft ee sech nämlech méi Liewen am Quartier an och e besseren Ëmsaz an de Geschäfter.

François Benoy: "Den Tram platzt aus allen Néit"

De grénge Gemengeconseiller François Benoy kann déi Argumentatioun awer net ganz novollzéien. Senger Meenung no gëtt de Garer Quartier duerch gratis Parkplazen net méi attraktiv. Am 100,7-Interview weist hien drop hin, datt et schonn op zwou Plazen am Garer Quartier (Fort Wedell a Fort Neipperg) zum Deel gratis Parkplaze goufen. Trotzdeem géifen et weider Problemer op der Gare ginn. Fir de grénge Politiker si gratis Parkplazen dofir keng Léisung, fir d’Attraktivitéit vum Quartier nees no uewen ze schrauwen. Hie proposéiert eng aner Léisung.

“Ech constatéiere vill méi, datt wann ech mam Tram iwwer d’Gare an duerch d’Stad fueren, datt dee wierklech aus allen Néit platzt. Ech soe mir dofir, datt mir alles maache sollen, fir d’Capacitéit vum Tram ze erhéijen.”

Eng aner Politik am Commerce an eng Ëmgestaltung vun der aler Avenue a vun der Wallis-Plaz wiere weider Pisten, déi de Quartier nees méi attraktiv géinge maachen.

De Problem mat de Liwwerdéngschter

De François Benoy fënnt och, datt ee generell méi hätt misse maachen aus dem Parking um Rousegäertchen, wéi just eng Ofstellplaz fir Autoen. Den ëffentleche Raum hätt an engems kéinten nei amenagéiert ginn, zum Beispill mat méi Begréngung a méi Verkéierssécherheet fir d’Vëloen a fir d’Foussgänger.

De Gemengeconseiller hätt sech ausserdeem gewënscht, datt aus där Plaz eng Zort “Mobility hub” gemaach gi wier. Sou kéint verhënnert ginn, datt Liwwerdéngschter mat hire Camionnettë laang Weeër bis an de Stadkär eran zeréckleeë mussen, an esou d’Stroosse verstoppen.

Lauschterenplay_arrow