arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FLEX iwwerhëlt Stater Service Carloh

Carsharing

|
headphones

1 min

FLEX iwwerhëlt Stater Service Carloh

Vum Dezember 2025 u soll de Carsharing-Service Carloh vun der Stad Lëtzebuerg progressiv an déi national Offer FLEX vun CFL Mobility integréiert ginn: dat hunn déi béid Partneren ugekënnegt.

headphones

1 min

Patrick Goldschmidt, Lydie Polfer, Pit Reiter (CFL Mobility) | © Photothèque de la Ville de Luxembourg / Christian Aschman
Patrick Goldschmidt, Lydie Polfer, Pit Reiter (CFL Mobility) (Foto: Photothèque de la Ville de Luxembourg / Christian Aschman)

Vum 1. Januar 2026 sollen d’Utilisateuren dann exklusiv vum Service FLEX kënne profitéieren.

Mat der Integratioun vu Carloh an d’Offer FLEX wéilten d’Stad Lëtzebuerg an CFL Mobility S.A. d’Attraktivitéit vum Carsharing verstäerken, huet et bei der Annonce geheescht.

Duerch den Zesummeschloss vun de béide Reseaue sollen op 27 Statiounen um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg 72 Gefierer ugebuede ginn.

Rieds geet vun enger “évolution importante pour l’autopartage dans la capitale”.