D’Depensë sollen dat nächst Joer ëm 5,7 Prozent op 32,6 Milliarden Euro klammen. D’Recettë vum Staat sollen 2026 ëm 4,9 Prozent op 31,1 Milliarden Euro an d’Luucht goen. Fir 2026 gëtt also mat engem Defizit am Zentralstaat vu ronn 1,5 Milliarde gerechent. D’Staatsverschëldung soll bis 2029 bei all Kéier ronn 27 Prozent vum PIB leien.
“Matenee wuessen”
An onsécheren Zäite misst och d’Finanzpolitik de Leit Sécherheet ginn, huet de Finanzminister Gilles Roth an der Chamber ugekënnegt. De Budget 2026 soll nei Weeër fir neie Wuesstem opweisen. Dat an engem Joer, dat méi ee schwieregt wäert ginn.
“Domadder ass dëse Budget Ausdrock vun enger volontaristescher a virun allem och anti-zyklescher Politik vum “Matenee wuessen”. Trotz enger ugespaanter wirtschaftlecher Konjunktur steet eis Finanzplanung fir Previsibilitéit a Stabilitéit.”
Den CSV-Minister huet méi héich Ausgaben an enger Rei Beräicher ugekënnegt, Stéchwierder Verdeedegung a “Sozialronn”. Dat géif 2026 zu engem “liicht negative Schéiereffekt tëschent Einnamen an Ausgabe” vum Staat féieren, esou de Gilles Roth. Et wäert een och an Zukunft misse Sue léine goe fir déi zousätzlech Ausgabe fir eis Sécherheet, esou nach de Finanzminister.
CO2-Steierkredit soll ëm 24 Euro klammen
A senger Ried vun enger Stonn fir d’Presentatioun vum Budgetsprojet huet de Finanzminister och gesot, datt d’CSV-DP-Regierung hir Hausaufgabe géif maachen, fir prett ze sinn, wann d’Konjunktur erëm géif unzéien.
“Éischt positiv Unzeechen um Horizont sinn am Niwwel vun der „historesch héijer Onsécherheet“ och schonn ze erkennen. Nach keng ganz Reprise. Mee si stëmme mech virsichteg-optimistesch.”
2027 soll den Taux vun der Kierperschaftssteier fir Entreprisen op een neits reduzéiert ginn, an den CO2-Steierkredit soll d’nächst Joer ëm 24 Euro klammen, huet de Gilles Roth ugekënnegt.
Bei LuxAirport soll et eng Kapitalerhéijung ginn, bei där de Staat sech mat 100 Milliounen Euro bedeelegt. An den Educatiounsministère soll selwer zum Bauträger ginn, fir méi séier kënnen ze bauen, esou weider Annoncen.
1,3 Milliarden Euro fir d’Defense
En décken Undeel un den Depensen vum Budget 2026 wäert an Zukunft d‘Defense hunn – mat Ausgabe vu 1,3 Milliarden Euro fir 2026 ass dat e Plus vun enger Hallwer Milliard am Verglach mat dësem Joer.
De Finanzminister ënnersträicht, datt Lëtzebuerg säin Engagement vis-à-vis vun den NATO-Partner wäert anhalen – och wann dat vill Sue géif kaschten.
Et wier eng Fro vu Fridden oder Krich, Fräiheet oder Ënnerdréckung an do géife mir d’Fräiheet wielen, esou de Gilles Roth an dat kéint nëmmen iwwer den Engagement an der NATO féieren.
“Mir respektéieren duerfir eis Engagementer an der NATO. D'Solidaritéit mat eisen Alliéierten ass eis Pflicht. Eise Verdeedegungseffort geet 2026 op 2 Prozent vum nationale Räichtum erop, 5 Prozent bis 2035.”
Nei Cyber-Defense-Cloud
Déi Sue sollen an der Haaptsaach an den Ausbau vun deene Beräicher goen an deene Lëtzebuerg scho Kompetenz huet: Nämlech Satellitten, Cyberdefense a Fuerschung.
Fir 94 Milliounen Euro soll eng Cyber-Defense-Cloud opgebaut ginn, déi staatlech Bedeelegung um LuxGovSat geet ëm 101 Milliounen Euro erop an et ginn nei Kapazitéiten op deenen zwee staatleche Satellitte kaaft (fir am Ganzen iwwer 185 Milliounen Euro).
Parallel sinn 80 Milliounen Euro am nächste Joer fir d’Ukrain virgesinn. Fir dat Ganzt ze finanzéiere wéilt een och op nei Instrumenter setzen, esou de Gilles Roth.
“Duerfir leeë mir och als éischten europäesche Staat en Defense-Bond. 150 Milliounen Euro iwwer dräi Joer. Eng Staatsobligatioun, déi d'Leit direkt kënne kafen, steierlech begleet.”
Weidert Kapital soll iwwer e sougenannten Dual-Use Fong vun der SNCI mobiliséiert ginn, also fir Projeten déi souwuel militäresch wéi och zivil kënne genotzt ginn.
Et wier e grousse finanziellen Effort, esou de Gilles Roth, ma déi zwee Pilieren zolidd Finanzen an innovativ Finanzéierung kéinten dat stäipen.