arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handelssträit: EU preparéiert sech op den Noutfall

US-amerikanesch Douanestaxen

|
headphones

1 min

Handelssträit: EU preparéiert sech op den Noutfall

Déi 27 EU-Staate sollen Aussoe vun Diplomaten no, gréng Luucht ginn hu fir d‘Pläng vun der Europäescher Kommissioun fir Géigentaxen op US-Produiten ze erhiewen, sollten d‘Verhandlunge scheiteren. 

 

headphones

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

D’Europäesch Kommissioun géif nach um Donneschdeg d’Lëscht vun de Mesurë publizéieren, esou ee Spriecher vun der Kommissioun. 

Deemno ass ee Pak vun 93 Milliarden Euro virgesinn. Virum 7.August soll deen awer nach net a Kraaft trieden. D‘EU-Kommissioun wéilt weiderhin alles fir een Accord mat den USA maachen an nach op ee Kompromëss hoffen.