arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Entrepriseverbänn probéiere positiv gestëmmt ze bleiwen

Handelsaccord mat den USA

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerger Entrepriseverbänn probéiere positiv gestëmmt ze bleiwen

Den Donald Trump an d'Ursula von der Leyen hunn zwar um Sonndegowend vun engem "Big Deal" geschwat, mee déi europäesch Wirtschaft reagéiert bis elo net grad begeeschtert op den Handelsaccord mat den USA. An dat gëllt och fir d'Lëtzebuerger Entrepriseverbänn.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka)

De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce seet, den Accord géif de Betriber méi Previsibilitéit ginn, well se elo wëssen, datt se 15 Prozent Taxen op Exporter an d'USA musse bezuelen. Déi gutt Nouvelle fir Lëtzebuerg wier awer am Fong eng aner, esou de Carlo Thelen. 

"Wat wichteg awer ass fir Lëtzebuerg, dat ass, datt mir virun allem eng Déngschtleeschtungswirtschaft hunn, notamment eis Finanzplaz, an do ass jo elo weider näischt concernéiert vun dësem Tarif, wat an deem Sënn eng gutt Nouvelle ass."

Mee déi 15 Prozent ginn eeben och net all de Secteure Planungssécherheet. Den Yves Germeaux vun der industrieller Federatioun FEDIL hieft hei de Stolsecteur ervir, deen net Deel vun dësem Accord ass. Et géif awer och Industriebetriber hei am Land ginn, fir déi dësen Accord effektiv eng Erliichterung ass. Zum Beispill Betriber, déi Deeler produzéieren, déi a Fligeren agebaut ginn.

"Fligerskomponente sinn an deem Sënn interessant och am Allgemengen, datt et net zu engem Handelskrich komm ass, well et muss ee wëssen, datt bei deene Mesuren, déi Europa scho preparéiert hat als Géigemesuren op deen Handelssträit, datt do eeben och d'Fligeren an d'Fligerskomponente vun europäescher Säit dra waren."

Autoskonstrukteure kënnen hoffen

Positiv gesäit hien den Accord ouni Zweifel och fir d'Zouliwwerer vun der Autosindustrie hei am Land, esou den Yves Germeaux vun der FEDIL. Et wier eng gewëssen Erliichtung ze spieren, datt ee vu 27,5 Prozent op 15 Prozent erofkomm wier. Et wier zwar nach ëmmer héich, virun allem am Verglach mat 2024, mee d'Hoffnung vun den europäeschen Autoskonstrukteure weider an Amerika ze exportéieren, déi géing wieder bestoen.

Wichteg ze wëssen ass och, datt den Accord iwwer d'Douanestaxe mat den USA nach net bis an de leschten Detail schwaarz op wäiss um Pabeier steet. Dat muss elo an den nächste Méint nach geschéien.

play_arrow Lauschteren