arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktuellen Handelsaccord tëschent EU an USA wuel dat geréngst Iwwel 

FEDIL 

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Aktuellen Handelsaccord tëschent EU an USA wuel dat geréngst Iwwel 

Iwwert den aktuellen Handelsaccord tëschent der EU an den USA misst nach weider verhandelt ginn, ma op mannst géif en awer Previsibilitéit mat sech bréngen. Där Meenung ass den Yves Germaux vun der FEDIL.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Markus Mainka / Adobe Stock
(Foto: Markus Mainka / Adobe Stock)

Am 100,7 Interview seet de Responsabele fir Commerce an international Relatioune bei der FEDIL et misst ee fir de Moment zefridde sinn, datt dësen Accord iwwerhaapt zustane komm ass. 

Wat de Lëtzebuerger Industriesecteur ugeet, sou wier dee virun allem indirekt vun den héijen Douanestaxe betraff.

30 Entreprisen zu Lëtzebuerg betraff

Zu Lëtzebuerg wieren nëmme ronn 30 Entreprisen direkt vun der Erhéijung vun den Douanestaxe betraff, ma duerch den Handelsaccord géif et zu méi héije Käschten a Problemer an de Liwwerkette kommen. Den direkten Impakt trëfft da virun allem d’Stolindustrie, erkläert den Yves Germeaux vun der FEDIL. 

"Natierlech och am Stol hu mir haaptsächlech déi Problematik, datt beim Stol mer eeben net bei de 15 Prozent sinn, mee bei de 50 Prozent sinn, wat och längerfristeg ganz problematesch ass a wou momentan nach dru geschafft gëtt."

D’Lëtzebuerger Industriebetriber géifen awer virop den indirekten Impakt vum Handelsaccord ze spiere kréien, ewéi zum Beispill an der Automobil-Branche.

"Mir hunn eng Rei Zouliwwerer vun der däitscher oder franséischer Automobilindustrie. A wann do en Impakt ass duerch déi 15 Prozent duerch déi méi héich Taxen, dann impaktéiert dat och eis Betriber, déi vläicht net direkt an Amerika exportéieren, mee déi un déi Automobilproduzenten, an dëse menge Beispill an Däitschland an a Frankräich, verkafen."

Keng laangfristeg Léisung

Den Yves Germeaux betount, datt den aktuellen Handelsaccord keng laangfristeg Léisung ka sinn an datt dëse muss developpéiert ginn. Ma aktuell gesäit hien d’EU net an enger gudder Verhandlungspositioun.

"Well d'EU nach politesch ze vill ofhängeg ass vun Amerika an doduercher net kann alles ëmsetzen, wat nach u Moossname kéinten ëmgesat ginn. D'EU huet nach eng Rei Moossnamen am Portefeuille, déi se kéinte benotzen, déi momentan awer net benotzt ginn, déi och zu engem Handelskrich géife féieren, wat och net an eisem Interêt ass. Mir gesinn dat net esou." 

Doriwwer eraus missten déi Lëtzebuerger an déi europäesch Industrie kucke fir hier Handelsbezéiungen ze diversifizéieren an Handelsofkommes mat anere Länner ze ënnerschreiwen, esou nach den Yves Germeaux vun der FEDIL.

play_arrow Lauschteren