arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL wëllt optimistesch no vir kucken

Industry Day

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

FEDIL wëllt optimistesch no vir kucken

Um Industry Day – en Event vun der FEDIL – war den Haaptbut Optimismus ze verbreeden: Um Dag selwer war d’Stëmmung bei villen awer éischter besuergt, seet den Yves Germeaux, Zoustännege fir déi international Handelsrelatioune bei der FEDIL.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Den Yves Germeaux ass zënter kuerzem zoustänneg fir déi international Handelsrelatioune bei der FEDIL – eng Plaz déi et ënner anerem wéinst der Trump-Politik gëtt.

“Am Allgemengen huet dat internationaalt Geschäft sech an de leschte Jore geännert. (...) Dat internationaalt Geschäft war u sech ni en Thema fir Lëtzebuerger Entreprisen an dat ass et awer an de leschte Méint ginn.”

Welthandel duerchgerëselt

Déi Europäesch Industrie hätt léiwer en dauerhaften Tarif vu 15 Prozent wéi eng konstant Onsécherheet. Den Deal mat der Europäescher Kommissioun wier also déi mannst schlechtst Léisung, esou den Yves Germeaux am 100,7-Interview.

Et hätt een zwar elo en Tarif, mee ob een och wierklech d’Sécherheet hätt, dat géif een sech awer weider froen.

Zënter dem dem 15. August 2025 taxéieren d’USA Importer aus der EU mat 15 Prozent. Déi Produite ginn deementspriechend méi deier. D’EU importéiert awer weiderhin zollfräi aus Amerika. Eng Tatsaach déi bei de Bierger:innen op Onverständnis ka stoussen.

Et misst een awer bedenken, datt Europa politesch a wirtschaftlech vun Amerika ofhänkt.

“Mir kënnen also net einfach d’Dier zouklaken a maache wat mir wëllen.”

Amerika ass net dee gréissten Handelspartner vu Lëtzebuerg (am Ranking op der 6. Plaz), deen direkten Impakt ass dowéinst villäicht net esou grouss. Den indirekten Impakt awer dofir, zum Beispill an der Automobilindustrie.

3,5 Prozent vu Lëtzebuerger Exporter ginn an d’USA

Lëtzebuerg liwwert den Nopeschlänner zou an déi sinn direkt vun den US-Taxe betraff, dann huet dat och en indirekten Impakt op Lëtzebuerg, wa si manner verkafen.

Dës Industrie géifen och elo schonn den Impakt spieren, esou den Yves Germeaux. Och wann een net genee kéint ausmaachen, ob den Impakt just duerch d’Tariffer kënnt oder och duerch aner Ursaachen.

An Amerika gëtt haaptsächlech de Lëtzebuerger Stol exportéiert. Deen gëtt mat 50 Prozent taxéiert net mat 15 Prozent.

Industry Day soll fir gutt Laun suergen

D’Iddi vum Seminär wier et gewiescht ze soen “Mir hunn eis elo Méint laang beklot, mee bekloe geet net duer, mir mussen elo no Léisunge sichen.”.

An et hätt och deelweis geklappt, déi gutt Laun ze verbreeden, esou den Yves Germeaux.

“Mir mierken, datt ëmmer méi - och op europäeschem Niveau zum Beispill - elo verstane gëtt, datt Urgence do ass an datt muss gehandelt ginn. (...) A mir hunn elo d’Gefill, datt dee Message ukomm ass, och bei an Europa. “

D’Ambiance wier virsiichteg oder besuergt positiv gewiescht, esou nach d’Aschätzung vum Yves Germeaux.

play_arrow Lauschteren