arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Raumfaarts-Entreprise Blue Origin wäert e Büro zu Lëtzebuerg opmaachen

Ekonomie

|
reading time

1 min

D'Raumfaarts-Entreprise Blue Origin wäert e Büro zu Lëtzebuerg opmaachen

Déi amerikanesch Firma Blue Origin mécht hiren europäesche Büro zu Lëtzebuerg op. Dat huet de Wirtschaftsminister Lex Delles, deen am Moment an den USA, zu Colorado Springs op Visitt ass, ugekënnegt.

reading time

1 min

© MECO
(Foto: MECO)

Lëtzebuerg hat schonn am Juni d‘lescht Joer e Kooperatiounsaccord mat der Space-Firma vum Jeff Bezos ënnerschriwwen. Mat der Ouverture vun dësem neie Büro géif déi Zesummenaarbecht elo konkretiséiert ginn, heescht et nach an engem Communiqué vum Ekonomiesministère.