Den neie Vol tëschent Newark bei New York a Lëtzebuerg, dee vun Abrëll d'nächst Joer u soll ugebuede ginn, wier e Succès fir déi lokal Aviatioun, grad ewéi fir d’Passagéier. Dat ass d’Aschätzung vum Operations Director vu lux-Airport, de Lornezo di Loreto, am 100,7 Interview.
Gëschter hat United Airlines een Direktvol vun Newark op Lëtzebuerg annoncéiert. Well een net misst ëmklamme géif ee ronn 4 bis 5 Stonnen Trajet spueren.
Confort fir d'Passagéier steet am Virdergrond
lux-Airport géif och kucken, wéi eng Prozesser ee misst upasse fir de Passagéier e méiglechst grousse Confort bei dësem Vol unzebidden, esou de Lorenzo di Loreto. Dorënner géif zum Beispill de Beräich vun der Passkontroll falen.
Et wéilt een de Passagéier deen Niveau u Confort ubidden, deen déi sech bei engem Laangstreckefluch erwaarden. Dofir bräicht et eventuell méi Personal um Findel.
D’Analysen, wéi eng Ressourcen ee brauch a wat ee misst upassen, géifen elo ugoen, huet de Lorenzo di Loreto erkläert. Ëmbauaarbechte wäerte wéinst dem Vol vu United Airlines awer keng musse gemaach ginn, esou de Lorenzo di Loreto.
Gutt gewielten Zäitpunkt vun de Vollen
United Airlines hat um Dënschdeg nei Destinatiounen annoncéiert – dorënner d’Verbindung op Lëtzebuerg. D’Auerzäit, zu där de Fliger um Findel soll landen, géif dem Findel scho mol entgéintkommen, esou den Operations Director vu lux-Airport:
“La compagnie aérienne va atterrir vers 9h00, 9h30 du matin et repartir vers 11h00 du matin. (...) C'est un horaire qui est très bien choisi pour ne pas avoir, en fait, des circonstances où la qualité de service pourrait se réduire parce que il y a beaucoup de trafic dans son créneau horaire.”
De Findel hätt och Capacitéite fir weider interkontinental Verbindungen.
"Les compagnies aériennes, ce n'est pas parce qu'ils ont un avion disponible qu'ils vont commencer une ligne deux jours après. La façon de travailler des compagnies aériennes est telle qu'ils ont besoin d'au moins 12 mois, 18 mois, 24 mois pour analyser une route, dans ce cas-là une destination, donc c'est un exercice financier. Ils créent un business case et donc ils vont savoir si la ligne est rentable ou pas. Donc il y a des discussions qui sont en cours."
Newark am Bundesstaat New Jersey läit ronn 20 Kilometer vun New York fort.