arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netflix keeft Warner Bros. fir 82,7 Milliarden Euro

Los Angeles

|
headphones

1 min

Netflix keeft Warner Bros. fir 82,7 Milliarden Euro

De Leader am Streaming-Geschäft Netflix wëllt d’nächst Joer Warner Brothers kafen. Doduerch kritt Netflix Zougrëff op déi gréisste Film- a Serie-Bibliothéik vun Hollywood.

headphones

1 min

© EPA / CAROLINE BREHMAN
(Foto: EPA / CAROLINE BREHMAN)

De Streaming-Déngscht Netflix wäert d‘Medienentreprise Warner Bros Discovery fir knapp 83 Milliarden Dollar kafen. Dat hu béid Entreprisen an engem gemeinsame Schreiwes matgedeelt.

Den Ofschloss ass fir 2026 geplangt.

Dës Acquisitioun erlaabt et Netflix, och de Streamingdengscht HBO Max ze iwwerhuelen.

Et ass déi gréissten Zesummeféierung am Entertainment-Beräich zënter der Iwwernam vu Fox duerch Disney fir 71 Milliarden Dollar am Joer 2019.