Vun der Tax si just Entreprisen ausgeholl, déi aktuell schonn de Bau vun enger Produktiounsfirma an den USA annoncéiert hunn oder schonn domat amgaange sinn, esou den US-President.
Bei EU-Importer ass et nach onkloer
D’EU-Kommissioun rechent domat, datt d’Pharmaexporter aus EU-Staten net vun den nei ugekënnegten US-Douanestaxe betraff sinn.
E Spriecher vun der Kommissioun huet zu Bréissel haut, um Freidegmëtteg, betount, datt dëse Summer kloer maximal Douanestaxen tëschent der EU an den USA vu 15 Prozent op Medikamenter festgehale goufen.
Den Europäesche Verband vun der Pharmaindustrie denkt, datt d’Aféiere vun deenen neien Douanestaxen op Medikamenter “déi schlëmmste Situatioun kéint schafen”. Besonnesch déi däitsch Pharmaindustrie wäert dat treffen. Fir si ass d’USA dat wichtegst Exportland.
Och schwéier Gefierer a Miwwelimporter
Nieft der Ukënnegung Medikamentenimporter mat 100 Prozent ze besteieren, huet den Donald Trump och nach annoncéiert 25 Prozent Douanestaxen op all schwéier Gefierer, wéi Camionen, aus anere Regioune vun der Welt ze setzen.
Iwwerdeems géif ee gewësse Miwwelimporter mat bis zu 50 Prozent besteieren, esou nach den Donald Trump.
*Dësen Artikel gouf am Laf vum Freidegmëtteg ëmgeännert.