arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erhéijung vun den Douanestaxen: Juristesch Néierlag fir den Donald Trump

Verstouss géint d'Gesetz?

|
headphones

1 min

Erhéijung vun den Douanestaxen: Juristesch Néierlag fir den Donald Trump

An den USA huet ee Geriicht an engem Urteel festgehalen,datt d’Erhéijung vun den Douanestaxen, ewéi den US-President se decidéiert hat,géint d’Gesetz géif verstoussen. 

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrew Leyden
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Leyden)

D’Decisioun vum Geriicht soll net virum 14. Oktober aKraaft trieden. Déi US-amerikanesch Regierung huet dowéinst Zäit, d’Urteel virum Ieweschte Geriicht unzefechten.

D’Geriicht huet u sech net d’Douanestaxen-Erhéijung aFro gestallt, mee éischter d’Argumentatioun vun der Regierung. Den Donald Trumphat nämlech déi Decisioun getraff op Grond vun engem Gesetz vun 1977 iwwer speziell Rechter am Fall vun engem Noutstand. 

Deem Gesetz no kann ee President am Fall vun engemNoutstand iwwer een Dekreet Gesetzer a Kraaft triede loossen, ouni datt sevum  Kongress mussen ofgestëmmt ginn.