arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilaterale Meeting vu Xi an Trump a Südkorea

USA-CHINA

|
headphones

1 min

Bilaterale Meeting vu Xi an Trump a Südkorea

No senger Entrevue mam chineesesche President Xi Jinping huet den amerikanesche President Donald Trump vun engem “grousse Succès” geschwat.

headphones

1 min

Donald Trump a Xi Jingping zu Busan | © EPA / YONHAP
Donald Trump a Xi Jingping zu Busan (Foto: EPA / YONHAP)

D‘USA hunn d‘Douanestaxe vun 20 op 10 Prozent erofgesat. Dat, well de chineesesche President versprach huet, de Fentanyl-Handel méi strikt ze kontrolléieren.

Weider sinn d‘Liwwerunge vu seelenen Äerden aus China fir e weidert Joer garantéiert. China soll och garantéiert hunn, nees amerikanesche Soja ze kafen.

Och d‘Liwwerung vun amerikaneschem Gas a Pëtrol aus Alaska ass eng Optioun, iwwer déi geschwat gouf.

Dem Donald Trump no wier och intensiv iwwer d‘Ukrain geschwat ginn. China bleift dobäi, datt et an deem Konflikt neutral ass, ouni awer déi russesch Aggressioun ze verurteelen.