arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump verhänkt Kanada nei Douanestaxen an Héicht vu 35 Prozent

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Donald Trump verhänkt Kanada nei Douanestaxen an Héicht vu 35 Prozent

Den Donald Trump fiert weider mat senger Campagne fir Douanestaxen ze verdeelen: Fir Kanada huet hien elo Taxen an der Héicht vu 35 Prozent verhaangen. Dat huet hien an engem Bréif un déi kanadesch Autoritéiten annoncéiert, deen hien op Truth Social publizéiert huet.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

D‘Decisioun erkläert hien ënner anerem domat, datt Kanada et net fäerdeg bruecht hätt, fir den Zoustroum vun der syntheetescher Drog Fentanyl a Richtung USA ze stoppen.