Dës Taxe waren am Abrëll annoncéiert, an dunn nees suspendéiert ginn, fir Verhandlungen ze erlaben. Bis elo hu just Groussbritannien an de Vietnam een Accord mat den USA fonnt.
D'EU ass amgaangen ze verhandelen. Ursprénglech war als Stéchdatum de 9. Juli, also iwwermuer, festgehal ginn. Den US Handelsminister Howard Lutnick sot viru Journalisten, bis dohi géife verschidde Länner iwwer méi héich Taxen informéiert ginn, si géife se awer eréischt vum 1. August un a Kraaft trieden.