arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Gréng Luucht fir méi niddereg Taxen op US-Produiten

Handelssträit

|
headphones

1 min

EU-Kommissioun: Gréng Luucht fir méi niddereg Taxen op US-Produiten

D'EU-Kommissioun huet de Wee fräigemaach fir méi niddereg Taxe fir US-amerikanesch Produiten. Dat war jo eng Viraussetzung, fir datt d'USA hir Douanestaxen op europäesch Autosimporter réckwierkend op den 1. August erofsetzen.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka)

D'EU-Kommissioun huet elo de legislative Prozess dofir lancéiert: Eng Rëtsch US-Produite sollen elo méi liicht kënnen an d'EU importéiert ginn. Fir amerikanesch Industriegidder solle guer keng Taxe méi gëllen, an den Import vu bestëmmte Liewensmëttel aus den USA soll erliichtert ginn. 

D'EU-Parlament an de Conseil mussen elo nach zoustëmmen, fir datt déi méi niddereg Taxen a Kraaft kënnen trieden.