Op EU-Niveau koum an de leschten Deeg virun allem aus dem Europaparlament Kritik iwwer den Accord. E wier net equilibréiert, dat ass zum Beispill d'Meenung vum President vun der Handelskommissioun am Parlament, dem Däitschen SPD-Politiker Bernd Lange.
De Lëtzebuerger Premier deelt déi Kritik net. Wéi schonn Enn Juli stellt sech de Luc Frieden hanner den Accord.
En Donneschdeg waren Detailer public gemaach ginn. E leet fest, datt d'USA 15 Prozent Douanestaxen op eng ganz Partie europäesch Produiten, dorënner Autoen, erhiewen.
Deel vum Deal ass et och, datt d'EU hir Taxen op amerikanesch Industriegidder op Null erofsetzt. D'Kommissioun ass amgaangen, déi Gesetzer ze preparéieren a wëllt se nach dës Woch proposéieren.
Luc Frieden: Accord ass akzeptabel
Den Accord ass dat bescht méiglecht, wat an dësem Moment konnt gemaach ginn, seet de Premier Luc Frieden op eis Nofro hin. Amerika wier ee wichtege Partner, mat deem ee gutt Relatioune behale wielt.
"Deen Accord, deen d'Europäesch Kommissioun - an där hirer Kompetenz d'Handelspolitik ass - ausgehandelt huet, ass ënner deene komplizéierten Ëmstänn, déi mir an der Welt hunn, een akzeptabelen."
Am Verglach mat aneren, déi deels däitlech méi héich Taxe bezuele mussen, hätt d'EU guer net esou schlecht verhandelt, esou den CSV-Politiker.
"Ech géif soen net genial, mee guer net esou schlecht, déi 15 Prozent."
Ob den Accord equilibréiert wier, wollt den LSAP-Deputéierte Franz Fayot an enger Question Parlementaire wëssen.
Impakt op Lëtzebuerger Ekonomie gouf nach net evaluéiert
Et géif een et begréissen, datt ee sech eens gouf, esou d'Äntwert vum Aussen- an Handelsminister Xavier Bettel zesumme mam Premier Luc Frieden an dem Wirtschaftsminister Lex Delles. Den Impakt op déi europäesch a lëtzebuergesch Ekonomie wier nach ze evaluéieren, ginn déi dräi zou.
Aus hirer Äntwert geet och ervir, datt den Ament keng direkt Mesurë fir de Stolsecteur virgesi sinn. Europäesch Exporter vu Stol an Aluminium gi weider mat 50 Prozent taxéiert.
Regierung setzt op weider Verhandlungen
D'Regierung géif d'Efforte vun der Europäescher Kommissioun ënnerstëtzen, fir geschwënn eng Léisung fir d'Exporter aus deem Secteur ze fannen, heescht et am Text.
D'Memberlänner wieren iwwerdeems reegelméisseg iwwer de Stand vun de Verhandlungen informéiert ginn, schreift d'Regierung weider.
Dat lescht Wuert wier hei nach net geschwat, esou de Luc Frieden
"Ech mengen net, datt dat hei a Stee gemeesselt ass fir ëmmer."
Alles an allem stellt sech de Premier hanner d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, déi den Deal e Méindeg an engem Meenungsbäitrag, deen a verschiddenen Zeitunge publizéiert gouf, verteidegt hat.
Wéi d'CDU-Politikerin geet och hien dovun aus, datt europäesch Géigentariffer eng Spiral ausléise géifen an datt et besser ass eng Eskalatioun ze verhënneren.