arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU an USA eenege sech op Handelsaccord

Douanestaxen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU an USA eenege sech op Handelsaccord

Den Donald Trump huet wärend senger Rees a Schottland a sengem Golfresort mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen een Handelsofkommes ofgeschloss.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Ursula von der Leyen | © European Union
Ursula von der Leyen (Foto: European Union)

An Zukunft wäerten d'USA op Exportproduiten aus der EU 15 Prozent Douanestaxen erhiewen an net 30 wéi ufanks vum US-President ugekënnegt. Als Géigeleeschtung huet d'EU sech bereet erkläert seng Investitiounen an USA ze erhéijen. Déi zwou Säite schwätze vun enger Victoire.

Energie am Wäert vu 750 Milliarden Dollar wäert d'EU an Zukunft an den USA akafen. Zousätzlech sollen d'Investitiounen an den USA ëm 600 Milliarden Dollar erhéicht ginn. D'USA wäerten dofir just 15 Prozent Douanestaxen op Exportproduiten aus der EU erhiewen. Zu dësem Accord koumen d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den US-President Donald Trump a sengem Golfresort a Schottland. 

Béid Säiten hunn d'Ofkommes als Victoire deklaréiert

Béid Säiten hunn d'Ofkommes als Victoire deklaréiert. D'EU konnt Taxe vun 30 Prozent evitéieren an dem Donald Trump no ass d'Relatioun tëschent den USA an der Europäescher Union elo erëm méi fair.

D'Kommissiounspresidentin sot - bal wéi een et vum Donald Trump gewinnt ass - datt dësen Accord een "huge deal", also e risegen Deal wier. En Deal géif Stabilitéit a Berechebarkeet bréngen an dat wier ganz wichteg fir d'Firmen op béide Säite vum Atlantik, esou d'Ursula vun der Leyen.

Den Donald Trump ass privat a Schottland ënnerwee, esou heescht et offiziell vum White House, hie besicht virun allem seng Golfclibb. 

Brittesche Premier Keir Starmer reest och fir eng Entrevue a Schottland 

De brittesche Premier Keir Starmer wäert och fir een Treffe mam Donald Trump a säi Golfclub zu Aberdeenshire fueren, wou hien den US-President wëllt iwwerriede fir méi niddereg Douanestaxen op britteschem Stol ze erhiewen. De Keir Starmer wëllt bei sengem Treffen och iwwer d'Situatioun an der Gazasträif schwätzen. 

 

play_arrow Lauschteren