arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: Net perfekt, mee besser wéi een Handelskrich

Handelsaccord mat den USA

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Luc Frieden: Net perfekt, mee besser wéi een Handelskrich

Och wann den Accord tëschent der EU an den USA net perfekt wier, wier e besser, wéi en Handelskrich, an dofir géif Lëtzebuerg deem Accord zoustëmmen. Dat sot de Premier Luc Frieden an enger éischter Reaktioun am 100,7-Interview.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dts-Agentur
(Foto: picture alliance / dts-Agentur)

Den Deal gesäit vir, datt an den USA an Zukunft 15 Prozent Douanes-Taxen op deene meeschter Produiten aus der EU musse bezuelt ginn.

Lëtzebuerg ass net op all Punkt betraff

Och wa lo d'Tariffer virgesi wieren, déi een eigentlech net gewollt hätt, esou wéissten d'Länner an och déi europäesch Entreprisen, ënner wéi enge Konditiounen si an Zukunft kënnen an d'USA exportéieren. D'Lëtzebuerger Entreprisen an d'Ekonomie géife vun dësem Handelsaccord net direkt impaktéiert ginn, esou d'Aschätzung vum Premier Luc Frieden.

"Dat, well Lëtzebuerg net enorm vill direkt an d'USA exportéiert. Mir hunn en Handelsvolume bei Gidder mat Amerika vu ronn 1,4 Milliarden. Dat ass net enorm vill. Et sinn aner Länner, déi vill méi wichteg Handelspartner fir eis bei de Gidder sinn. Dat kënnt dohir, datt mir ganz oft Gidder net direkt an Amerika exportéieren, mee via aner Länner."

Allerdéngs ginn et eng Rei Entreprisen zu Lëtzebuerg, déi fir Konzerner schaffen, déi wuel an d'USA hir Wueren exportéieren, erkläert de Luc Frieden.

"Zum Beispill Stécker, déi mir un déi däitsch Autosindustrie liwwere fir Autoen, déi duerno an Amerika verkaf ginn. Duerfir huet dat schonn eng Inzidenz. Mee et huet méi eng grouss Inzidenz natierlech op deen, deen déi Gidder wéi zum Beispill den Auto herno an Amerika exportéiert."

Fir de Stolsecteur gëtt nach verhandelt

De Stolsecteur gëtt weiderhi mat enger Tax dann Héicht vu 50 Prozent belaascht, allerdéngs ass dee Secteur net Deel vun deem Accord, an dee Beräich géif nach mat den USA verhandelt ginn, esou nach de Luc Frieden. 

D'Industrielle-Federatioun FEDIL schwätzt vun engem Schrëtt a Richtung Deseskalatioun, mee et wier ee gréisstendeels onbefriddegenden Accord. Der Chambre de Commerce no wier et een eesäitegen Accord, mee besser wéi een Handelskrich.

Keng Taxe méi op Autoen aus den USA

Generell suergt de Kompromëss am Handelssträit allerdéngs fir zum Deel schaarf Kritik an Europa. De franséische Premier huet vun engem "trauregen Dag" geschwat. Berlin hofft nach op Verbesserungen, virun allem fir Stol an Aluminium.

Nach sinn net vill Detailer iwwer den Handelsaccord bekannt, mee an Zukunft sollen Autoen aus den USA ouni Taxe kënnen an d'EU importéiert ginn. Dat huet haut eng EU-Beamtin zu Bréissel confirméiert. D'EU-Autosindustrie dierft also an Zukunft mat méi staarker Konkurrenz aus den USA rechnen. 

play_arrow Lauschteren